De 7. August hat eng Delegatioun vun der ADR eng Entrevue mat der Direktioun vun der Brasserie Nationale. Objet vun dësem konstruktive Meenungsaustausch war ënnert anerem dat geplangtent Fëmmverbuet an de Bistroen. D’ADR, déi sech un dëser Tendenz zur Iwwerreglementéierung stéiert, trëtt weiderhin dofir an, datt de Choix eleng dem Wiert iwwerlooss gëtt, ob a sengem Lokal gefëmmt gëtt oder net.D’Vertrieder vun der gréisster Lëtzebuerger Brauerei bedaueren verschidde Faiten, deenen se deslescht konfrontéiert goufen, wéi z.B. d‘Erhéijung vum Waasserpräis an déi  streng europäesch a Lëtzebuerger Oplagen (Stéchwuert Inspection sanitaire). Wat d’Anti-Fëmmgesetz ugeet, fäerten d’Vertrieder vun der Brasserie nationale, datt doduerg eng grouss Unzuel u Bistroen hir Dieren mussen zoumaachen an, well dëst schwéier Konsequenze mat sech bréngt, plaidéieren se fir méi lang Iwwerganszäiten.

D’ADR geet an dësem Dossier ee Schrëtt méi wäit a leet vill Wäert drop, datt den Exploitant soll selwer decidéieren, ob en d’Fëmmen a sengem Bistro erlaabt oder net. Dofir muss de Client awer duerch e kloeren Affichage informéiert ginn. D’ADR wäert sech och an Zukunft asetzen, géint d’Aschränkung vun de perséinleche Fräiheeten a fir méiglecht wéineg administrativ Entravë bei den Entreprisen.

D’Delegatioun vun der Brasserie nationale huet aus aus den Häre Raymond Martin (President vum Verwaltungsrot), Georges M. Lentz Jr. (Administrateur-délégué) a Frédéric de Radiguès (Chief Executive Officer) bestanen. D’ADR-Delegatioun war zesummegestallt vun den Häre Fernand Kartheiser (Nationalpresident) a Gast Gibéryen (Fraktiounschef). Si ware begleet vun den Attachéen Alain Kleeblatt a Liliana Miranda.