En Dënschdeg, den 28. August, war an de Büroe vun der Fraktioun eng Entrevue tëschent der AVR (Association des Victimes de la Route) an enger Delegatioun aus der ADR. Et goung an éischter Linn ëm de Gesetzesprojet  6424, mat deem déi méi schwaach Benotzer am Stroosseverkéier am Fall vun engem Accident méi liicht sollen indemniséiert ginn. Och allgemeng Iwwerleeungen zur Sécherheet op onse Stroosse goufen ugeschwat.

De Projet de loi 6424 ass um Instanzewee. Dësen inspiréiert sech un der franséischer „Loi Badinter“ aus dem Joer 1985. Et geet an dësem Projet drëms,  déi méi schwaach Benotzer vun onse Stroosseninfrastrukturen, dat heescht souwuel d’Kanner wéi och déi eeler an déi behënnert Leit, am Fall vun engem Accident méi séier a méi einfach ze indemniséieren, dëst ouni datt d’Scholdfro muss gekläert sinn.

Wann de Gesetzesprojet vun der Regierung, méi wéi e Véirelsjoerhonnert no de Fransousen, am Prinzip ze begréissen ass, esou hu béid Delegatiounen awer misse feststellen, datt den Text, wéi en der Chamber virleit, der Situatioun net ugepasst ass. D’AVR, op Basis vun engem juristeschen Avis, fäert ganz besonnesch, datt d’Gesetz duerch eng ganz Rei Klauselen am Endeffekt kaum wäert ugewannt ginn. Esou soll d’Prozedur nëmme spillen, wann dem Opfer vun engem Accident d’„responsabilité entière“ vum Accident reprochéiert gëtt!

Weider fält op, datt de Projet vun der Regierung méi restriktiv ass wéi deen aus Frankräich. Esou gëllt dës vereinfacht Prozedur zu Lëtzebuerg fir Kanner ënner 12 Joer (F: manner wéi 16 Joer), fir eeler Leit vu 75 Joer un (F: iwwert 70 Joer) a fir Leit mat engem Handicap vun op d’mannst 80% (d’selwecht wéi a Frankräich). D’ADR réit der AVR, hir Propositiounen an dësem Kontext un d’Chamber ze riichten a wäert dëst och ënnerstëtzen.

D’Gespréich ass och iwwert d’Präventioun gaangen, z.B. iwwert eng besser Ausbildung vun de Fahrschüler, déi méi iwwert d’Risiken an d’Konsequenze vun den Accidenter op der Strooss missten opgekläert ginn.

D’Delegatioun aus der AVR bestoung aus dem Jeannot Mersch, Nationalpresident a President vun der europäescher Federatioun, an der Coordinatrice Marie-Paule Max. Si goufen empfaange vum Fernand Kartheiser, President vun der ADR an Deputéierten, dem Gast Gibéryen, President vun der ADR-Fraktioun, an de parlamentaresche Mataarbechter Liliana Miranda an Alain Kleeblatt.