Den 9. Oktober 2012 huet am Haus vun der Finanz eng Entrevue stattfonnt tëschent Vertrieder vun der Finanzplaz (ABBL an ALFI) an enger Delegatioun vun der ADR. An engem oppenen an héich intressante Gespréich haten d’Vertrieder vun der Finanzplaz Geleeënheet hire Standpunkt iwwert déi aktuell an zukünfteg Situatioun an hirem Secteur duerzeleeën. D’Vertrieder vun der Finanzplaz an d’Delegatioun vun der ADR stëmmen iwwereneen, datt gesond Staatsfinanzen eng wichteg Viraussetzung si fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg als Bankeplaz an internationalen Zenter fir Investitiounsfongen.Eng ganz Rei Reformen, op europäeschem an internationalem Niveau, stellen d’Finanzplaz Lëtzebuerg virun nei Defien. D’ADR huet mat grousser Opmierksamkeet d’Informatioune vun de Spezialisten zur Kenntnis geholl, a wäert esou nach besser d’Interessie vun dësem wichtege Secteur fir Lëtzebuerg, an der Chamber an am politeschen Debat, verfollegen. Bei der „europäescher Bankenunioun“ (supranational Kontroll, gemeinsam Garantië fir d’Depoten, …), bei der Trennung vun Universal- an Investmentbanken a ganz besonnesch bei enger eventueller Aféierung vun enger Finanztransaktiounssteier däerfen déi lescht Virdeeler, déi Lëtzebuerg am internationale Vergläich nach huet, net op d’Spill gesat ginn!

An der Entrevue ass och nach ervirgestrach ginn, datt eng gesond Situatioun vun de Staatsfinanze gutt national economesch Ratioen a ganz besonnesch d’Notatioun vum Land mat engem „triple A“ en direkten Afloss op d’Entwécklung vun der Finanzplaz hunn, a ganz wichteg Faktore si fir Investisseuren ausserhalb vun Europa. D’Vertrieder vun der ADR hu kënnen drop opmierksam maachen, datt si och aus der Oppositioun ganz konkret Virschléi gemeet hunn zum Staatsbudget a besonnesch zu den Depensen, bei deenen e Spuerpotenzial besteet.

D’Finanzplaz war vertrueden duerch de Jean-Jacques Rommes, CEO vun der ABBL (Association des Banques et Banquiers Luxembourg), de Marc Saluzzi, President vun der ALFI (Association of the Luxembourg Fund Industry) an de Camille Thommes, Generaldirekter vun der ALFI. D’Delegatioun vun der ADR war zesummegesat aus dem Fernand Kartheiser, President an Deputéierten, dem Jacques-Yves Henckes, Deputéierten, dem Roy Reding, Vizepresident an dem Alain Kleeblatt, parlamentareschen Attaché.