Ënnerstëtzung fir d’Ukrain

Den 2. Juni 2022 huet de Fernand Kartheiser folgend Motioun iwwer d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain an der Chamber deponéiert. Dës Motioun gouf mat 54 Nee-Stëmme bei 4 Jo-Stëmmen an zwou Abstentioune vun der Chamber verworf:

 

D’Chamber vun den Deputéierten:

begréisst, datt de President vun der Ukrain sech haut u si adresséiert huet;

erënnert drun, datt si dee russeschen Ugrëff vum 24. Februar 2022 verurteelt huet;

bedauert zudéifst de Verloscht vu Mënscheliewen an dat schrecklecht Leed, dat dee Krich verursaacht;

ënnersträicht de Wëlle vum Lëtzebuerger Vollek, déi bilateral Relatioune mat der Ukrain weider ze stäerken an dat ukrainescht Vollek an dësem Krich solidaresch ze ënnerstëtzen, besonnesch doduerch, datt

Leit aus der Ukrain zu Lëtzebuerg kënne medezinesch versuergt ginn;

ukrainesch Staatsbierger zu Lëtzebuerg fir d’Dauer vum Konflikt Schutz fannen, a seet all deene Leit Merci, déi an deem Kontext gehollef hunn;

d’Ukrain eng politesch, diplomatesch, ekonomesch, akademesch an humanitär Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg kritt;

Lëtzebuerg un der Opklärung an der Verfolgung vu Krichsverbrieche soll matwierken;

Lëtzebuerg sech um Neesopbau vun der Ukrain bedeelege soll;

Lëtzebuerg der Ukrain dobäi hëlleft, fir d’Krittäre vun enger Memberschaft an der EU ze erfëllen;

d’Arméi kann net-déidlecht Material un d’Ukrain liwweren.

 

fuerdert d’Regierung op:

sech géintiwwer der Ukrain a Russland fir e Waffestëllstand a Friddensverhandlungen ze engagéieren;

sech fir de Respekt vum Krichsrecht a besonnesch vun de Genfer Konventiounen anzesetzen an an deem Kontext och d’Ariichtung vun humanitäre Korridoren ze begënschtegen;

international Enquêten duerch neutral a kompetent Gremien ze ënnerstëtzen;

esouwäit dat vun alle bedeelegte Parteie gewënscht an akzeptéiert gëtt, zu der Ëmsetzung vun engem Waffestëllstand mat bäizedroen;

Projeten a Richtung Reconciliatioun vun alle Bevëlkerungsgruppen an der Ukrain ze initiéieren an ze ënnerstëtzen;

hir gutt Déngschter fir d’Organisatioun vu Friddensverhandlungen ze offréieren;

keng Sanktiounen ze fuerderen, ze ënnerstëtzen oder unzehuelen, déi kéinten zu Versuergungsschwieregkeete bei der Energie oder bei Liewensmëttel fir privat Leit oder Entreprisen zu Lëtzebuerg féieren;

sech fir eng europäesch Friddensuerdnung ze engagéieren, déi keen ausschléisst an d’Entstoe vun engem neie Kale Krich ausschléisst.

 

Deel dëse Post: