Engagement géint Streebommen

Streebomme gehéieren zu deene fuerchtbaarste Waffen iwwerhaapt. Déi humanitär Folge vun esou Attacken sinn dacks gravéierend. D’Konventioun vun Oslo vun 2008, déi och vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf, huet sech zum Zil gesat, den Asaz vu Streebommen op internationalem Plang ze verbidden. Den humanitären an diplomateschen Asaz géint Streebomme muss awer permanent weidergoen. Setzt sech déi Lëtzebuerger Regierung mam néidegen Engagement géint dës Waffen an? 

 

 

Deel dëse Post: