D’ADR kuckt mat grousser Skepsis op déi rezent Entwécklung bei der Cargolux an den Afloss dee Qatar Airways als Aktionär mat 35% op eis national Cargo-Gesellschaft hëllt. D’ADR deelt d’Suerge vun den Salarieeë vun der Cargolux wat d’Zukunft vun hirer Firma an d’Aarbechtsbedingungen ubelaangt a fuerdert d’Regierung op, als majoritären Aktionär, hir Responsabilitéit ze huelen, sech kloer an däitlech zum Standuert Lëtzebuerg, zum Erhale vun den Aarbechtsplazen an Aarbechtsbedingungen ze bekennen an sech energesch alle Geschäftverlagerungen an d’Ausland entgéint ze setzen.

D’ADR gesäit och déi momentan finanziell schwiereg Lag vun der d’Cargolux an d’Noutwendegkeet sech stänneg den neie wirtschaftleche Bedingungen unzepassen. De Bilan vun 2011 ass secherlech bedenklech, an dach soll dëst Resultat an engem extrem schwierege Joer, wou aner international Cargo-Gesellschafte Faillite gemaach, Leit entlooss an hir Fligerzuel drastesch reduzéiert hunn, net Uersaach sinn, fir de komplette Geschäftsmodell a Fro ze stellen. D’Cargolux huet sech an all deene Joere virdrun um internationale Maart behaapt, hir Positioun als eng vun deene weltwäit gréissten AllCargo Gesellschaften ausgebaut, gefestegt a grouss Gewënner gemeet. Datt dës héich Gewënner vun de läschte Joeren duerch Konventionalstroofen, ënner anerem an den USA (119 Milliounen US$) an der EU (79,9 Milliounen €), platt gemaach goufen (dës Zuelen stin a kenger Relatioun zu den 18,3 Milliounen US$ Verloscht vun 2011), läit net um Geschäftsmodell, de Paie vun de Mataarbechter, um Netzwierk oder um Typ vu Fliger, mä un illegale Präisofsproochen.

D’ADR stellt sech d’Fro ob d’Zuele vun 2011 net als Virwand genotzt ginn, de Geschäftsmodell vun der Cargolux deem vun der Qatar Airways unzepassen, e Gedanken deen duerch déi rezent Aussoe vun hirem Chef Al Baker an der Fachpress kloer an däitlech an op eng extrem iwwerhieflech Aart a Weis ënnermauert gouf! Iwwerhaapt stellt d’ADR sech d’Fro ween d’Rudder bei der Cargolux an der Hand huet a freet sech op d’Ziil vum Qatar ass, d’Cargolux als Firma ze erhalen an auszebauen oder duerch hir Undeeler sech wäertvoll Streckerechter unzëeegnen, d’Cargolux präislech ze ënnerbidden an hiert Geschäftsfeld u sech ze rappen?

D’ADR fuerdert duerfir d’Regierung nach eng Kéier op, all Efforten ze ënnerhuele fir d’Cargolux als wichtegen Deel vun eiser Economie ze stäerken, sech fir hir Rechter anzesetzen an zweifelhaft politesch Interessen net iwwer déi vun der Firma an hire Mataarbechter ze stellen. En zweete Fall „Mittal“ ass partout ze vermeiden!