Wien zu Lëtzebuerg Kanner kritt, riskéiert an d’Aarmut ze falen!

Bei Persounen ouni Kanner leit den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg bei 12 Prozent. Leit mat dräi Kanner hunn en Aarmutsrisiko vu 35 Prozent. Wien zu Lëtzebuerg eng Famill grënne wëll, gëtt also éischter gestrooft, ewéi ënnerstëtzt. De Fred Keup betount, datt dës Tatsaach och bewosst politesch gesteiert ass. Fir den ADR-Süd-Deputéierte gëtt hei op der falscher Plaz gespuert. De Fred Keup huet et dann och net verpasst, der Regierung direkt e puer konkret Denkustéiss mat op de Wee ze ginn, wéi sozial Familljepolitik ausgesi kann. D’ADR erënnert an deem Kontext un d’ADR-Elteregeld. D’Kannergeld soll dann och gestaffelt ginn a wie méi Kanner huet, soll och finanziell wesentlech méi staark ënnerstëtzt ginn. Eng Steierreform muss dann och onbedéngt familljefrëndlech gestalt ginn. Iwwerdeems sinn déi ëmmer nei Klimasteieren e Schlag an d’Gesiicht fir all déi sozial manner gutt gestallte Leit. Géif et der ADR no goen, wär haut scho Schluss mat esou enger Politik.

Deel dëse Post: