Eng Orpea-Residenz zu Lëtzebuerg trotz Mëssstänn a Frankräich

An zwee Méint mécht zu Lëtzebuerg déi éischt Residenz vum Grupp Orpea hir Dieren op, an dat, obschonns a Frankräich een Enthüllungsbuch („Les Fossoyeurs“) iwwer Mëssstänn a verschiddene Residenze vun dësem Grupp opmierksam mécht: „Abandonnées dans leurs excréments“, „laissées sans soin pendant plusieurs jours“ (zitéiert aus: Le Quotidien vum 27. Januar 2022). D’Familljeministesch huet an engem Interview erkläert, datt sech och eng Orpea-Residenz un d’Gesetz vum 8. September 1998 „réglant les relations entre l’Etat et les organismes oeuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique hale muss. D’Ministesch weist awer och drop hin : « Cette loi ne prend pas le volet humain en considération. Il n’y a rien sur la qualification du personnel ou les langues parlées par exemple. » Wéi eng Méiglechkeeten hunn hei am Land d‘Bewunner vun Altersheemer, fir sech géint eventuell Mëssstänn ze wieren, wéi se am Ablack Orpea reprochéiert ginn? Ass dru geduecht, fir an Zukunft een Ombudsman fir Senioren an d’Liewen ze ruffen?

Deel dëse Post: