Eng Nidderlag fir d’Famillen!

D’Regierungsparteien hunn d’Gesetzespropositioun 7788 vum CSV-Deputéierte Marc Spautz, déi eng retroaktiv Indexéirung vum Kannergeld vun 2019 u virgesäit, ofgeleent. No der Sëtzung vun der Famillekommissioun, de 14. September 2021, huet de Max Hahn, President vun der Famillekommissioun, dës Nidderlag fir d’Famillen an euphemistesch Wierder gekleet: „D’Indexéirung vum Kannergeld gëtt vu Januar 2022 un applizéiert, eigentlech war dat fir 2023 virgesinn.“ D’ADR bedauert d’Entscheedung vun de Regierungsparteien a weist drop hin, datt déi automatesch Indexéirung vun de Familleprestatiounen 2006 ofgeschaaft gouf an datt d’Reforme säit 2006 net genuch fir d’Famille bewierkt hunn.

D’Covid-19-Pandemie huet vill Famille viru grouss finanziell Erausfuerderunge gestallt. Dofir huet d’ADR schonns am Dezember 2020 eng Motioun an der Chamber deponéiert, déi d’Regierung opgefuerdert huet, d’Kannergeld scho vum Budgetsjoer 2021 un ze indexéieren an de Wäertverloscht, deen dës Prestatioun zënter 2006 erfuer huet, voll auszegläichen. Dës Motioun gouf vun der Chamber mat 31-Nee-Stëmmen, 6-Jo-Stëmmen an 23 Enthalungen ofgeleent.

Deel dëse Post: