Eng nei Gesellschaftsform mat Risikopotential

De Roy Reding huet e Gesetz an der Loft zerrappt, dat eng nei Gesellschaftsform aféiert: d’Gesellschaft mat Sozialimpakt. Dat si Gesellschaften, déi schwéier vermëttelbar Leit nees un den Aarbechtsmaart sollten eruféieren. Mä dat bezweifelt de Roy Reding. Dës Gesellschaften, och wa se komplizéiert administrativ Oplagen a Flichten hätten, géinge keng Steiere bezuelen, dierften awer normale Firmaen, och bei ëffentlechen Auschreiwunge vun Aarbechten, Konkurrenz maachen. D’Gefor wär grouss, datt déi Leit, déi do e neie Start sollte kréien, fir ëmmer bei esou Gesellschafte géinge bleiwen a ni méi an de net protéegéierten Aarbechtsmaart géingen zeréckfannen. Grad esou grouss wär d’Gefor, datt vill normal Salariéen an dee Secteur géingen ofdriften, well hir Patronen, déi Steieren bezuelt hätten a eng normal Entreprise géinge féieren, si net méi kéinten halen duerch déi Präisser, déi esou eng nei geschützte Gesellschaftsform kéint froen, well si keng Steiere bezillt. Als Beispill nennt de Roy Reding Gaardenaarbecht, Busfueren, Botzen an aner kleng Aarbechten.

Replik op dem Aarbechtsminister seng Ënnerstellungen

Den Aarbechtsminister huet duerop hinn iwwer d’Verméige vum ADR-Deputéierte spekuléiert, well hie wuel keng anstänneg Argumenter géint de Roy Reding hat. Mä de Roy Reding huet sech gewiert an dem Minister d’Levite gelies.

Deel dëse Post: