D’ADRenalin huet zur Kenntnis geholl, datt sech d’Jongsozialisten un der Zomm, mat där sech de Staat un de Feierlechkeete ronderëm Bestietnis vum Ierfgroussherzog Guillaume wëll bedeelegen, stéiert. Obwuel et grad a Krisenzäite wichteg ass iwwert eng Reduzéierung vun den ëffentlechen Depensen ze diskutéieren, ass déi jonk ADR der Meenung, datt dëst wichtegt Evenement dem Land a senge Bierger méi bréngt, ewéi e kascht. Falls d’JSL awer drop besteet ze spueren, da kënne si et gär maachen, andeems se net op d’Receptioun fir d’Jugendorganisatioune kommen.

An e puer Deeg ass et souwäit: den Ierfgroussherzog Guillaume gëtt mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet. Dëst ass net nëmmen e wichtegt Evenement fir déi betraffe Koppel, mä och fir onst Land, well et zum Weiderbestoe vun eiser Monarchie an domadder vun der eenzeger Staatsform, déi fir eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger iwwerhaapt a Fro kënnt, bäidréit.

Aus deem Grond fënnt d’ADRenalin, datt d’Zomm, déi vun der Regierung erwähnt gouf, net iwwerdriwwen, mä am Géigendeel berechtegt ass. D’Bestietnis bréngt dem Land a senge Bierger méi, wéi e kascht, sief et um symboleschen oder um reng finanzielle Plang. Lëtzebuerg huet d’Geleeënheet fir d’Blécker op sech ze zéien a sech positiv no baussen ze verkafen. D’Fest, wat usteet, fält sécherlech net méi deier aus wéi déi offiziell Campagnë fir den Tourismus ze fërderen, an ass dofir vill méi effizient.

Transparenz gehéiert zu de Prinzipien, fir déi sech d’ADRenalin asetzt. D’Diskussioun iwwert d’Finanzéierung vun der Monarchie muss allerdéngs am Kader vun enger méi breeder Debatt zur Verfassungsreform gefouert ginn – an net op eng populistesch Manéier kuerz vrum Bestietnis. Et ass ouni Zweiwel richteg, datt gewëssen Aspekter vun der Monarchie mussen nei definéiert ginn, ënnert anerem och well verschidden Dispositiounen net méi zäitgeméiss sinn. Grondsätzlech solle si awer déi Mëttel zur Verfügung gestallt kréien, déi se brauche fir hir Flichten z’erfëllen. Déi Jugendorganisatiounen, déi ëmmer nees republikanesch Tendenzen opweisen, misste souwisou wëssen, datt e President net zwangsleefeg manner kascht ewéi e Monarch.

D’ADRenalin weist sech verwonnert driwwer, datt grad d’Jusoen esou vill Kritik un der Hochzäit ausüben. Si se well déi parteiintern Oppositioun géint d’LSAP-Ministeren an Deputéierten? Oder traue sech d’Sozialisten net fir eendeiteg ze soen, datt se net hannert eiser Monarchie stinn? Op klengkaréiert Mëllechmeederchersrechnunge wëll sech déi jonk ADR jiddefalls net aloossen. Trotzdem schléit si ganz héiflech de JSL vir net op d’Receptioun, déi fir d’Jugendorganisatioune virgesinn ass, ze kommen. Déi Sue wäre scho gespuert.

Dem Ierfgroussherzog Guillaume a senger zukünfteger Fra wënscht d’ADRenalin net nëmmen alles Gutts fir d’Zukunft, mä och datt se hir Hochzäit mat Mënsche feieren, déi hinnen hiert Gléck gënnen.