Eng Geforeplaz mattsen an der Stad: Centre Hamilius

Ganz zu Recht befaasst sech de Jeff Engelen an enger parlamentarescher Fro mat dem Bus- an Trams-Halt um Centre Hamilius. Hei kräizen all Dag vill Foussgänger esouwuel Bussen wéi och d’Trammen. Dobäi ass d’Fro vun der Virfart net gekläert a well keen déi aner wëll blockéieren, geet alles zimmlech schëtzeg. Am Eeschtfall ass de Foussgänger deen Dommen. De Minister mi8nimiséiert d’Gefor, verweist op de Responsabilitéit vun der Gemeng an ass aus perséinlechem Geschmaach géint eng Passerell oder en Tunnel fir d’Situatioun ze entschäerfen.

Fro

Den Tramshalt Hamilius schaaft eng geféierlech Verkéierssituatioun, déi besonnesch Foussgänger betrëfft. De vill befuerene Busquai mécht et néideg, datt esouwuel Bussen aus der Monterreysavenü wéi och vum Boulevard Royal iwwert d’Tramsschinne fueren an hei och de Wee vu Foussgänger kräizen. Fir Stauen an eng Behënnerung vum Tram ze verhënneren, muss dëse Busverkéier relativ schëtzeg vir sech goen. D’Foussgänger hunn awer Prioritéit fir iwwert de Bus-Wee op den Tramshalt ze goen. Och hire Wee iwwert d’Tramsschinnen ass net mat Verkéierszeeche gereegelt. Duerfir hätt ech dës Froen un den Här Verkéiersminister:

  1. Ass et op dëser geféierlecher Plaz schonn zu Tëschefäll oder liichten Akzidenter komm?
  2. Gëtt un enger Léisung geschafft, déi zefriddestellend dat héicht Opkommes u Foussgänger, Bussen an Trammen op dëser Plaz reegele kann?
  3. Firwat ass net hei vun der fréierer Aldrénger Plaz en Deel vun der Tunnelsinfrastruktur bäibehale ginn, fir d’Foussgänger ënnerierdesch iwwert de Boulevard Royal ze brénge mat entspriechendem Accès fir déi zwee Tramsquaien?
  4. Wär eng Iwwerféierung, wéi et si um Kierchbierg gëtt, eng Solutioun fir d’Foussgänger aus dëser Geforenzon ze huelen?

Äntwert

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 6587 vum 1. August 2022 vum Här Deputéierten Jeff Engelen.
Mat senger parlamentarescher Ufro wëllt den Deputéiert Jeff Engelen sech iwwert den Tramshalt um Hamilius informéieren
Den Arrêt Hamilius ass déi mécht benotzen Statioun vum Tram nach virun der Gare Centrale. Mir hunn séit Dezember 2020 um Hamilius een liichten Accident mat engem Passant ze verzeechnen. Zousätzlech sinn och um Hamilius déi enregistréiert geféierlech Situatiounen méi niddreg wéi beispillsweis op der Gare.
D’Signalisatioun an d’Verkéiersreegelen inneruerts sinn eng Gemengenkompetenz an goufen dofir an enker Ofstëmmung mat der Stad Lëtzebuerg decidéiert. Och d’Féierung vun den Foussgänger ass eng Gemengenkompetenz.
Déi aktuell Léisung ass konform zu den Richtlinnen ausgefouert ginn. Et ginn am Moment keng Bestriewungen eppes ze änneren; d’Tunnelinfrastrukturen sinn mëttlerweil duerch d’Parkrampen vum Parking “Royal-Hamilius” beluecht an d’Foussgänger rëm un der Dagesluucht.
Eng Léisung mat Foussgängertunnelen oder Passerellen entspriechen net mengen Virstellungen vun engem modernen Stadbild an sinn net fërderlech fir eng inklusiv an accessibel Stad.

Deel dëse Post: