En Tankfliger, dee kee brauch? [Videoen]

Lëtzebuerg soll sech un engem Militärtankfliger bedeelegen, deen wéineg Sënn mécht: “E kënnt emol net op Lëtzebuerg tanken”, huet de Fernand Kartheiser net ganz am Geck gemengt. Am Eescht huet den ADR-Deputéierten kritiséiert, datt d’Chamber fir esou Ausgaben net gefrot gëtt. De Fernand Kartheiser ass d’accord fir de Lëtzebuerger Militärbudget moderat a verantwortungsvoll eropzeschrauwen, fir net als Schmarotzer an der Nato dozestoen a besonnesch och wa positiv Retombée fir Lëtzebuerg bei de Projeten erauskommen. Mä hie bezweifelt, datt et mat deem aktuelle Regierungsziel (0,6 Prozent vum PIB) gehalen ass. D’Regierung huet Engagementer geholl fir hire Militärbudget op 2 Prozent vum Bruttosozialprodukt unzepassen: an dat sinn happeg 1,5 Milliarden d’Joer, wéi hie rechent.

Witzeg ass, datt esou Ausgaben, op onnéideg oder net, vun der Ex-Pazifiste-Partei par exellence ouni mat der Wimper ze zucke matgedroe ginn: Déi Gréng wäerten déi Militärausgaben do ouni Zweifel stëmmen. An esou ideologesch Verbéiunge vun der Ëmweltpartei, déi hektarweis Beem ëmsäbelt, léisst de Fernand Kartheiser sech net entgoen (> Video).

Deel dëse Post: