En RTLs-Invité mat Profil: De Gast Gibéryen

Wal-Arithmetik vun engem vun den erfuerenste Politiker am Land; De Gast Gibéryen huet den 9. Mee als Invité vun der RTLs-Redaktioun virgerechent, wat am Hierscht bei de Walen um Spill steet: Wann d’Leit Gambia ofwiele wëllen, kënne si nëmmen d’ADR stäerken. D’CSV ass an der neier Regierung gesat, wa Gambia hir Majoritéit verléiert. D’CSV géing awer poulriicht mat enger Gambia-Partei an enger neier Regierung weider Gambia-Politik maachen. Duerfir ass den eenzege Choix am Hierscht eng massiv Stäerkung vun der ADR fir Gambia2 ze verhënneren. De Gast Gibéryen ass optimistesch an huet virun allem d’Qualitéit vun den ADR-Lëschten an deene véier Bezierker an eis Zesummenaarbecht mat Wee2050 erfirgestrach . D’ADR ass d’Alternativ mat engem kloere Profil.

Dat war vläicht dee stäerkste Moment an engem spannenden  Interview, deen awer alt nees gewisen huet, wéi souverän den ADR-Deputéierten seng Dossiere kennt.  Zur Sprooch koum och d’Decisioun vum Staatsrot géint d’Kandidatin vun deene Gréngen, d’Optriede vu neie Parteien an Allianze bei de Walen an de Sträit bei Gambia. Fënnef Méint virun de Walen ass fir de Gast Gibéryen kloer: “Gambia ass um Enn”.

Deel dëse Post: