En interessanten Dag am Europaparlament!

print

D’ADR Fraen hate fir de 17. Abrëll eng Visitt vum Europaparlament zu Stroossbuerg organiséiert. Zu hirer bal 70 si se moies fréi mam Bus op Stroossbuerg gefuer, wou si kuerz virun den Europawale vu gläich véier Europadeputéierten empfaange goufen: Bernd Kölmel, Dan Hannan, Jan Zahradil, Spëtzekandidat vun den europäesche Konservative bei der leschter Europawal, an der Madamm Ulrike Trebesius. Eng ganz international Zesummesetzung also – zwee däitsch Deputéierter, een tschecheschen an ee briteschen. Alle véier stoungen si den ADR-Membere fir eng Diskussioun zur Verfügung, déi sech dann och flott an interessant entwéckelt huet. Alle véier si Member vun där selwechter europäescher Parteiefamill wéi d’ADR: der Allianz vun den europäesche Konservativen a Reformer (ACRE) an där och zum Beispill déi britesch, konservativ Regierungspartei vertrueden ass.

Net nëmmen hunn déi Deputéiert aus hirer alldeeglecher Praxis am Europaparlament erzielt, mä d’Gespréicher hunn sech naturgeméiss och ëm d’Walen, de Brexit an d’Zukunft vun der Europäescher Unioun gedréint. Déi europäesch Konservativ si jo géint en zentralistescht Europa, an deem Bréissel alles decidéiert an déi eenzel Natiounen näischt méi ze soen hunn. Och d’ADR setzt sech fir en Europa vun de Natiounen an, fir en Europa dat eben net federalistesch oder zentralistesch ass, mä an dem all Land seng Rechter behält och wann natierlech an alle wichtege Froen enk zesummegeschafft gëtt. Mee och an anere Froe gëtt et vill gemeinsam Iddie wéi déi, déi eis Partei am Walkampf vertrueden huet: fir d’Eestëmmegkeet bei alle wichtegen Entscheedungen, géint europäesch Steieren.

Och den touristeschen Deel koum bei där Visitt net ze kuerz: d’Mëttegiesse gouf mat enger flottem Ausfluch op engem Schëff um Rhäin kombinéiert, wou och wieder iwwer Politik geschwat gouf, an dono gouf et och nach e bëssche fräi Zäit fir d’ADR-Memberen an där wonnerschéiner Stad Stroossbuerg.