Eis Resultater bei de Gemengewalen 2017

E Sonndeg, den 8. Oktober, haten zu Lëtzebuerg 102 Gemengen d’Méiglechkeet, de Gemengerot nei ze wielen. D’ADR, déi mat insgesamt 10 Lëschten un dëse Walen deelgeholl huet, konnt al Sëtzer verdeedegen an neier gewannen.

Sou huet de Roy Reding den ADR-Sëtz am Stater Gemengerot verdeedegt. De Vic Haas, deen den 2016 verstuerwenen ADR-Conseiller Marc Schiffmann ersat huet, konnt säi Mandat zu Diddeleng behalen, sou wéi och de Jeff Engelen zu Wëntger säi Mandat als Gemengeconseiller weiderféieren duerf. Zu Beetebuerg, wou sech eng nei ADR-Sektioun viru kuerzem eréischt gegrënnt huet, si mir op ee Coup mat 7,4% vun de Gesamtstëmmen op een neie Sëtz komm, deen duerch de Fernand Ahles besat ass.

An anere Gemengen ass et knapp net duergaangen, fir e Sëtz ze kréien. Dëst gëllt beispillsweis fir d’Gemeng Clierf, wou d’ADR trotz onvollstänneger Lëscht motivéiert genuch war, fir och mat just 6 Leit matzegoen an trotz den Ëmstänn nach gutt Resultater erreecht huet. De Rechnungen no, wier et héchstwahrscheinlech fir ee Sëtz duergaangen, wier d’Lëscht komplett gewiescht.

Och an de Majorzgemengen hu Membere vun der ADR e gudde Match gemaach a konnte Sëtzer souwuel verdeedegen ewéi och nei gewannen.

Un dëser Plaz gi mir dann och nach eemol e grousse Merci un all eis Wieler, eis Kandidaten an déi vill Parteimemberen, déi bei der Walcampagne eng Hand ugepaakt hunn.

Deel dëse Post: