EIB a Suen a Krichsgebidder …

Eng Kris däerf net zu Chaos féieren. D’Europäesch Investitiounsbank huet eng ganz kloer Missioun zu där si voll steet: Si soll nohalteg Groussprojeten finanzéieren. Dat allerdéngs ass schlecht dermat vereinbar, der Ukrain an hirem Krich mat Russland ze hëllefen. De FErnand Kartheiser huet nogefrot.

Fro

D’europäesch Hëllef fir d’Ukrain ass net nëmme militäresch mee och finanziell. Heiriwwer wéilt ech d‘Regierung em Prezisioune bieden:

  1. Wéi vill Milliarden u finanzieller Hëllef si bis ewell vun der EU un d’Ukrain zougeséchert ginn, wéi vill sinn der scho gefloss?
  2. Wat ass de Verwendungszweck vun dëse Suen? Ginn domat militäresch an technologesch Gidder kaf, fëlle si d’ukrainesch Staatskeess mat Liquiditéite fir lafend Ausgaben ze bezuelen oder gi si nach fir aner Zwecker agesat?
  3. Wéi grouss war bis elo déi lëtzebuergesch Hëllef, fir respektiv zivil a militäresch Zwecker?
  4. Iwwer wéi e Wee ginn déi europäesch, respektiv lëtzebuergesch Transaktiounen ofgewéckelt an zu wéi engem Deel ass d’Europäesch Investitiounsbank domat beoptraagt?
  5. Entsprécht et de Missioune vun der EIB direkt oder indirekt e Krich ze finanzéieren oder ass si net éischter statutaresch drop festgeluecht, grouss a nohalteg Infrastrukturprojekter an EU-Länner ze begleeden? Op hirer eegener Websäit beschreift d’Bank hir Missioun esou: „The mission of the European Investment Bank is to foster sustainable growth within the EU and abroad. We are firmly committed to sustainable development, which is anchored in our strategy and remains the foundation of our business model.“

Äntwert

Deel dëse Post: