Een Eck fräien Internet

… fir de Parteien d’Féiwer ze moossen

Motiounen an der Chamber, dat ass de Moment, wou d’Parteie musse Fuerf bekennen, hiert Gesiicht weisen oder d’Box erofloossen, wéi ëmmer Der et nenne wëllt. Motioune sinn do, fir hinnen d’Féiwer ze moossen. Wann iwwert d’Motiounen ofgestëmmt gëtt, dann héiert d’Verstoppen op. Déi schéi Wieder, déi an der Chamber vill an dacks gesot ginn … erweise sech dacks als waarmen Damp.

Motiounen sinn den Test, wéi eescht et Parteien ass, mat deem, wat hir Leit soen.

Vun der ADR sinn an de leschte Wochen véier Motiounen ënnert den Dësch gestëmmt ginn, an dat léisst déif blécken.

Ganz frësch ass d’Google-Motioun, an Där de Gast Gibéryen plädéiert fir eng komplett Impaktstudie zum geplangten Datenzenter zu Biissen, fir ze kucken “ob eng Implantatioun vu Google zu Biissen fir d’Land, seng Wirtschaft a seng Bevëlkerung virdeelhaft, realistesch, nohalteg a wënschenswäert ass“. Et ass dat en Usproch, dee wäit iwwert eng Ëmwelt-Impaktstudie erausgeet an och déi gär zitéiert „Liewensqualitéit“ ëmfaasst an d’Fro, op de Mammutprojet dem Land iwwerhaapt eppes bréngt.

Wësst Dir wat?

DP, LSAP an och deene Gréngen ass dat alles wurscht egal. Déi Motioun, vun där Dir hei den Text fannt, hu si mat hirer dichteger Majoritéit ofgeleent. Dräi Parteien dergéint (31 Stëmmen), véier Parteien derfir (29 Stëmmen). Jo, Déi Lénk, d’Piraten an esouguer d’CSV hu fir d’ADR-Motioun gestëmmt. Well, aus Suerg ëm d’Land soll een net parteilech sinn. Wéinst deene villen onbeäntwerten Ëmweltfroen am Dossier hätte jo op d‘mannst Déi Gréng misste fir d’Motioun stëmmen. Aus Suerg ëm d’Land! Hu si awer net! Aus Suerg ëm hir Plaz an der Koalitioun.

An der EU soll bei Steierfroen a bei der Baussepolitik d’Eestëmmegkeet ofgeschaft ginn. Dat heescht, datt kee Land sech méi mat engem Veto schütze kann, wann Entscheedunge géint seng ureegen Intresse solle geholl ginn. Ier Gambia zu Bréissel ëmgefall ass, konnt Lëtzebuerg laang säi Bankgeheimnis verdeedegen, well d’Ofschafen nëmmen eestëmmeg konnt decidéiert ginn.

D’Regierung ass och elo géint déi franséisch Initiativ fir d’Eestëmmegkeet a Steierfroen ofzeschafen. Allerdéngs hunn eenzel Politiker mat Lëtzebuerg esou wéineg um Hutt, datt si fir d’Ofschafung sinn. Esou sinn déi zwee frësch gewielte Parteipresidente vun CSV an LSAP fir d’Ofschafe vun der Eestëmmegkeet. Si kënnen anscheinend  gutt dermat liewen, datt an Zukunft Berlin a Paräis decidéieren, wéi vill Steiere mir zu Lëtzebuerg bezuelen. Duerfir war dem Fernand Kartheiser seng Motioun, déi verlaangt huet, datt d’Regierung sech mat alle Mëttele fir d’Eestëmmegkeet asetzt, intressant. An d’Resultat och. D’DP, d’LSAP, Déi Gréng an déi Lénk hu géint d’Motioun fir Eestëmmegkeet bei Steierfroe gestëmmt, d’Piraten hu sech enthalen. An d’CSV huet geschlossen duerfir an domat géint hire Parteipresident gestëmmt. 19 CSV-Deputéierter hunn hire fonkelneie President vun der gréisster Lëtzebuerger Partei virun der Chamber demontéiert. Dat ass net vill kommentéiert ginn, an et wonnert eigentlech och keen esou richteg. Et weist alt erëm, datt de Plang vun der CSV dora besteet, net wierklech e Plang ze hunn …

Eng aner ADR-Motioun war grad esou opschlossräich. De Fernand Kartheiser, dee schonn den Ustouss ginn hat, fir d’tierkesch Regierungspartei aus der ACRE – eisem europäesche Parteiebündnis – ze geheien, huet an enger Motioun de Stopp vun de Bäitrëttsverhandlunge mat Ankara gefuerdert. Ëmsoss. Och dës Motioun gouf ofgeleent. An zwar vun alle Parteien ausser der ADR. Wann Dir also an Zukunft vun deenen anere Parteie Leit mat engem Mikro virum Gesiicht gesitt, déi sech bekloen iwwer den Erdogan an iwwer d’diktatoresch Zoustänn an der Tierkei: Gleeft hinnen näischt! Si wëllen nach ëmmer, datt d’Tierkei EU-Member gëtt. Alleguer ausser d’ADR, wéi dësen Ziedel vun der Ofstëmmung weist.

Blannemännerches Gleewen un d’EU erkläert och, firwat dem Fernand Kartheiser seng Quecksëlwer-Motioun och just vun der ADR gestëmmt gouf … Datt Quecksëlwer schiedlech ass, bestreit kee Mënsch. Datt an deenen Energiespuerluuchten, déi d’EU all Mënsch opforcéiert, genee däres Quecksëlwer drann ass, stéiert dann awer keen. Dobäi hat de Fernand Kartheiser just gefrot, datt all Mësnch kéint déi Bire kafen, déi him fir säin Zweck am beschte passen. Dat ass gesonde Mënscheverstand. Mee wat ass gesonde Mënscheverstand: Wa Bréissel eppes anescht diktéiert, kuschen all eis Parteien … ausser der ADR.

Fir Kommentaren, Komplimenter, Léifheeten an och  Frechheeten: roland.houtsch@adr.lu




Deel dëse Post: