Een aalt Porhaus ouni Zukunft?

Dat aalt Porhaus zu Bofferdeng, dat säit 1998 dem Staat gehéiert an haut vu Servior geréiert gëtt, steet säit méi wéi zwanzeg Joer eidel a säin Zoustand huet sech mat de Joren ëmmer méi verschlechtert. Well et awer trotzdeem opgrond vu senger Architektur zu eisem Patrimoine gehéiert, hat d’Madamm Minister den 30. Abrëll d’Gemeng Luerenzweiler informéiert, datt geplangt wier, dëst Haus aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert ënner Denkmalschutz ze stellen. De Gemengerot vu Luerenzweiler huet sech allerdéngs géint eng Klasséierung vum Haus ausgesprach. Wéi geet et elo weider mat dësem Haus?

Deel dëse Post: