“Een A laacht an een A kräischt”

Dem Gast Gibéryen seng Walanalys fir eis Partei ass gemëscht. Hie seet selwer um Walowend op RTL an der Elephanteronn: “Een A laacht an een A kräischt”. Wat mengt den déngschteelsten Deputéierten? Abee, d’ADR huet an alle Walbezierker bäigewonnen. Awer leider ass et net duergaangen fir nees fënnef Sëz an der Chamber ze kréien. An dat war dat erkläertent Walzil. Allerdéngs ass de Nordsëz fir den ADR-Grënnungsmember Jeff Engelen méi wéi e klengen Trouscht un engem Walowend mat dräi Gewënner an dräi Verléierer.

Voll Houfert a Freed begréisse mir also de Jeff Engelen als neien ADR-Deputéierten aus dem Walbezierk Norden.  Mir freeën eis, datt eis Deputéierter am Süden (Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser) an am Zentrum (Roy Reding hir Sëtz an der Chamber verdeedegt hunn. D’ADR stellt deemno véier Volleksvertrieder.

Zefridde Gesiichter waren also bei der ADR, bei Déi Gréng a bei de Piraten iwwerdeems CSV, DP an LSAP u Verloschter ze knaen haten. Fir de Gast Gibéryen ass trotzdeem eng Weiderféierung vu Gambia legitim,  och wa mir iwwerzeegt bleiwen, datt dës Koalitioun dem Land schued. Haart Wierder hat de Gast Gibéryen fir d’CSV. Duerch hir negativ Haltung géintiwwer der ADR huet si et verpasst, dem Land eng Alternativ zu deem lénksideologesche Gambia-Programm ze bidden. Well d’CSV sech géint eng Regierung mat der ADR ausgeschwat huet, huet den ADR-Deputéierten op RTL d’CSV häerzlech an ironesch invitéiert, mat an d’Oppositioun ze kommen.

Deel dëse Post: