Gëtt dem Aloyse Kayser säi Gebuertshaus ofgerappt?

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup schreiwen d’Kulturminstesch an de Minster fir Ëffentlech Bauten: “Tatsächlech plangt d’CFL, als Gestionnaire vun der Eisebunnsinfrastruktur am Accord mat der Gemengeverwaltung vu Miersch, d’Ofrappe vun dësem fréiere Barrièreshaus”, also dem Gebuertshaus vum Aloyse Kayser.

D’a.s.b.l. “Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch” huet an enger Matdeelung vum 25. Januar erkläert, dass de Schäfferot hinne matgedeelt huet, dass bis elo keng Ufro vun der CFL, fir dat kulturhistorescht Bauwierk ofzerappen, op der Gemeng ukomm wier an dass de Buergermeeschter op Nofro hi betount hätt, dass hien och keng Autorisatioun fir d’Ofrappe vun dësem wichtegen Zäitzeie géif ginn. De Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch huet an der Gemengerotssëtzung vum 24. Januar 2022 seng Aussoen nach eng Kéier bekräftegt an nach eng Kéier kloergestallt, dass un d’Gemeng keng Ufro, fir dat seelent a protegéiert Barrièreshaischen ofzerappen, geriicht ginn ass an dass hien och keng Autorisatioun dofir wäert ausstellen. Wéi soll et da lo weidergoe mat dësem Bijou vun eisem Patrimoine?

 

Deel dëse Post: