Wéi all Joer hunn d’ADR-Fraen och 2017 rëm hiren traditionellen Lëtzebuerger Owend zu Itzeg organiséiert. Trotz stréimendem Reen hu sech d’Gäscht hir gutt Laun net huele gelooss. Kee Wonner bei stëmmungsvoller Danzmusek vum Nico Haupert, guddem Kascht a flottem Kabarett. De Lëtzebuerger Owend war eng formidabel Geleeënheet, fir de Walkampfstress fir e puer Stonnen ze vergiessen an ee gesellegen Owend ënnert gudde Frënn ze verbréngen.

Hei e puer Impressiounen vun deem schéine Fest: