Ee Bachelor op Ofruff?

print

Een neit Format vum beruffsbegleedende Bachelor an de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften huet zu engem Dissens tëscht Uni Lëtzebuerg a Salariatskummer gefouert. D’Salariatskummer ass onzefridde mat dësem neie Format an huet ugekënnegt, hir Kooperatioun mat der Uni Lëtzebuerg zréckzezéien, an domat hir finanziell Hëllef an Héicht vun 100.000 € pro Studiegang. Wéi geet et elo weider mat dësem Bachelor?