E weideren Debakel ka sech d’Cargolux net leeschten!

print

Kaum war den Debat an der Chamber iwwert d’Cargolux an iwwert d’Aviatioun am Allgemengen zu Lëtzebuerg eriwwer a schonns huet Qatar Airways ugekënnegt, sech aus dem Actionnariat vun der Cargolux wëllen zeréckzezéien. Méi e kloere Beweis fir d’Onfäegkeet an den Amateurismus vum Finanzminister, deen dësen Deal ofgeschloss hat, kann et wuel net méi ginn. Et ass och domadder kloer, datt de Minister net éierlech mat der Chamber war. D’ADR widderhëlt hir Fuerderung, datt de Minister Frieden seng Verantwortung muss huelen, an hofft weider, datt d’Regierung déi néideg Léieren aus dëse grave Feelentscheedungen zitt. Wann et ëm systemesch Gesellschafte geet, an deenen de Staat direkt oder indirekt bedeelegt ass, muss d’Regierung sech der Wichtegkeet an Noutwennegkeet vum Dialog tëscht Politik, Direktioun a Vertrieder vum Personal bewosst sinn.

Net den Dialog tëschent der Regierung an dem Parlament, mä d’Informatiounen aus der Press hunn dat bestätegt, wat d’ADR gefaart huet: mat Qatar Airways huet sech d’Regierung net de richtege Partner fir d’Cargolux erausgesicht. De Réckzuch vu Qatar Airways aus dem Kapital, deen e Freideg annoncéiert gouf, ass an deem Sënn e Schrëtt an déi richteg Richtung, an dat trotz den Onsécherheeten, déi weider bestinn.

D’ADR hofft, datt aus de vergaangene Feeler geléiert gouf an datt méi ëmsiichteg an nohalteg mat de 35% Bedeelegung vu Qatar Airways gehandelt gëtt. Sollt et zu Verhandlunge mat anere potentielle Partner kommen, sou ass et vun absoluter Noutwennegkeet, Vertrieder vun der Cargolux mat anzebezéie fir e kloere Konsens an der Geschäftsstrategie ze fannen. Et däerf keen „Alleingang“ vun engem Minister méi ginn oder oniwwerluechten Handlungen ënner Zäitdrock. Eng nei Partnerschaft, mat wéi engem Partner och ëmmer, muss op Synergië baséieren an net, wéi dat mat Qatar Airways de Fall war, eesäiteg deem neie Partner déngen. Zu dëser Strategie gehéiert de Sozialdialog, d’Erhale vun den Aarbechtsplazen, d’Bekenntnis zum Standuert Lëtzebuerg, souwéi d’Respektéiere vum Lëtzebuerger Sozialmodell. Dëst muss bei neie Verhandlunge schrëftlech festgehale ginn, an net per Handschlag, wéi dat an der lescht de Fall war. Wat dësen Handschlag Wäert war, ass jo an der Tëschenzäit gewosst! Och d’Personal, seng Experienz, seng Fachkompetenz a säin Engagement fir d’Firma an hir Clientë sinn e wichtege Bestanddeel vun der „valeur ajoutée“ vun der Cargolux.

Et mussen Neel mat Käpp gemaach ginn, e weideren Debakel ka sech d’Cargolux net méi leeschten: ëmmerhin huet duerch déi lescht Transaktioun e staarke Konkurrent vun der Cargolux vill wichteg Informatiounen zum Geschäft, zu de Präisser an zu der Clientèle kritt. Domadder ass e signifikative Schued ugeriicht ginn, deen negativ Spuere fir d’Zukunft hannerléisst. Och dowéinst muss de Finanzminister, deen nëmmen de Wäert vum Aktiepak virun Aen hat, wéi en den Deal per Handschlag ofgeschloss hat, seng Verantwortung huelen.

D’ADR fuerdert d’Regierung op, bei der Sich nom neien Aktionär an dem Ausschaffe vun enger nohalteger Geschäftsstrategie, op en aktiven Dialog tëschent Politik, Direktioun, allen Aktionären a Vertrieder vum Personal ze setzen. Nëmmen esou kann d’Zukunft vun der Cargolux, als systemesch Gesellschaft fir d’Lëtzebuerger Economie, garantéiert ginn! Bei der Sich no enger Léisung fir d’Zukunft vun der Cargolux, vum Findel a vum Standuert fir Logistik ass d’ADR averstanen, datt de Lëtzebuerger Staat d’Kapitalerhéijung deelweis iwwert en Emprunt finanzéiert, esou wéi et och fir d’Rettung vun de Banke mam Accord vun alle Parteien de Fall war.

D’ADR am Gespréich mat der NGL-SNEP

Augmentation du capital de CARGOLUX

Vente d’actions de Cargolux à un investisseur qatari

Schafft d’Regierung fir Lëtzebuerg oder fir de Qatar?

D’Regierung kuckt no, wéi Qatar Airways d’Cargolux futti mécht!

Eng sécher Zukunft fir d’Cargolux!

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.