E staarkt Stéck: Studente si bei der Referendumsprozedur ausgeschloss!

Et ass schonn e staarkt Stéck, wat an der Äntwert op eng dréngend parlamentaresch Fro vum ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser duergeluecht gëtt. Studenten, déi sech am Ausland ophalen, gëtt et onméiglech gemaach, sech un der Referendumsprozedur ze bedeelegen. Si si carrement ausgeschloss, fir vun hirem demokratesche Recht Gebrauch ze maachen. Ass dat iwwerhaapt verfassungskonform?

Als Erënnerung: D’CSV an d’Regierungsparteie wëllen de Referendum iwwert d’Verfassung mat alle Mëttele verhënneren. Fir d’éischt hunn si d’Reform a véier Deeler opgespléckt, esou datt sech elo d’Bierger véier mol mussen op d’Gemeng beweegen, fir ze ënnerschreiwen – eng reng Schikan. Doriwwer eraus refuséieren si, datt d’Leit sech och online kënnen an d’Lëschten androen. De Bierger gëtt et esou quasi onméiglech gemaach, fir de Referendum ze fuerderen – e Skandal!

Deel dëse Post: