An engem vertrauleche Pabeier, deen awer mëttlerweil an de Medien opgedaucht ass, schéngen déi véier „Cheffen“ vun europäeschen Institutiounen, dorënner den Här Juncker, sech op hir „Visiounen“ fir eng Wirtschafts- a Währungsunioun gëeenegt ze hunn. Do kommen Iddien zum Virschäin, wéi d’Creatioun vun engem neie Parlament fir d’Eurozone an d’Méiglechkeet fir um „Niveau vun der Eurozone“ Memberstaate kënnen ze forcéiere fir hire Budget z’änneren. D’ADR seet entscheeden Neen zu esou „Visiounen“, a steet net eleng do. En Rei Europadeputéierten aus verschiddene Fraktiounen hunn d’Iddi vun engem Parlament fir d’Eurozone als „nonsense“ declaréiert!

Um Sommet vum 18. an 19. Oktober soll dat vertraulecht Dokument „Towards a genuine economic and monetary union” debattéiert ginn. Doranner hunn den Här Van Rompuy, President vum Europäesche Rot, den Här Barroso, President vun der Europäescher Commissioun, den Här Draghi, President vun der Zentralbank, an den Här Juncker als Chef vun der Eurogrupp sech op hir „Visiounen“ gëeenegt fir méi eng enk Wirtschafts- a Währungsunioun ze schafen, woumadder si d’Souveränitéitsrechter vun den eenzele Staate praktesch ganz ofbauen.

D’Iddie bezéie sech op véier Punkten. Fir d’éischt soll en „integréierte Kader fir Währungsfroen“ geschafe ginn, mat enger eenzeger europäescher Supervisioun iwwert d’Banken an eng gemeinsam Assurance fir den Depot vun de Clienten ze garantéieren. D’ADR ass der Meenung, datt dësen Dossier muss mat den Haaptakteure vun der Finanzplaz diskutéiert ginn.

Den zweete Punkt dréint sech ëm en „integréierte Kader fir d’Budgetspolitik“. Hei solle vun uewen erof déi iewescht Limitë fir national Budgetsdefiziter a Staatsscholde festgeluecht ginn. Um Niveau vun der Eurozone soll et méiglech ginn ze verlaangen, datt eenzel national Budgetsposte geännert ginn. Domadder géifen déi national Parlamenter, och ons Chamber, hiert wichtegst Recht nach méi entzu kréien! D’ADR ass net mat esou engem Szenario averstanen, a sollt et dach esou wäit kommen, muss dëse wichtegen Transfert vu Souveränitéit dem Vollek iwwert Referendum ënnerbreet ginn.

Den zweete Punkt gesäit och vir, datt an der Eurozone gemeinsam Scholde kéinte gemaacht an datt „verschidde Forme vun enger Steiersolidaritéit“ kéinten envisagéiert ginn. D’ADR erënnert drun, datt d’Traitéen eng Scholden- an Transfertunion expressis verbis ausgeschloss hunn!

Den drëtte Punkt verlaangt eng weider Integratioun a Richtung Wirtschaftsunion. Hei geet vu Mobilitéit um Aarbechtsmaart Rieds a vun der Coordinatioun bei den Taxen. D’ADR verlaangt eng méi staark sozial Dimensioun a bleift der Meenung, datt d’Decisioune ronderëm d’Taxen zur nationaler Souveränitéit gehéieren.

De véierte Punkt kléngt u sech gutt: „déi demokratesch Legitimatioun an Verantwortung stäerken“. Mä fir déi dräi éischt Punkten ze verwierklechen, fält den Auteure vum Pabeier keng besser an, wéi en neit Parlament ze schafen, dëst um Niveau vun de Länner aus der Eurozone! Ass d’Chamber dem Regierungschef iren net méi gutt genuch? Dës Iddi gëtt glécklecherweis och vun enger Rei Deputéierten aus dem Europaparlament verworf, an dëst queesch duerch déi verschidde Fraktiounen.

Här Juncker, Europa brauch keng „Visiounen“ fir méi en dirigistescht Europa mat enger weiderer Instanz, mä Zukunftsperspektive fir en Europa vun den Natiounen a fir d’Bierger. D’ADR hätt gär, datt Dir d’Chamber endlech eescht huelt amplaz nei Parlamenter dorëmmer grënnen ze goen!

Wéinst der Transparenz publizéiert d’ADR de Pabeier “Towards a genuine economic and monetary union” integral – esou wéi e schonns an der Press opgedaucht ass – um Site www.adr.lu.