E Kongress, dee kee Raum fir grouss Press-Kritik léisst

Et ass ëmmer intressant, ze liesen an ze lauschteren, wéi eng Partei-Manifestatioun opgeholl gëtt. Beim aussergewéinlechen ADR-Nationalkongress 2020 war de Grondtenor an der Press sachlech-neutral. Fir eis en Zeechen, datt mir um richtege Wee sinn. Soss si mir als Partei an der Press dacks manner verwinnt an deels méi kritesch oder manner fair behandelt ginn. Och an dëser Hisiicht war de Nationalkongress 2020 also ganz positiv.

Hei just e puer Wuert fir déi, déi sech am “Tageblatt”-Artikel un enger Ausso stéieren, déi dem Roy Reding an de Mond geluecht gëtt: Hien huet um Kongress däitlech gesot, de Begrëff “soziale Wunnengsbau” wär diskriminéierend, well d’Wunnengsnout all Schichte vun der Bevëlkerung géing treffen. Duerfir géing d’ADR déi Bezeechnung duerch “erschwéngleche Wunnengsbau” ersetzen. Dat gëtt am Tageblatt op d’Ausso verkierzt, soziale Wunnengsbau wär diskriminéierend, wat leider e falsche Sënn ergëtt. D’ADR ass fir méi erschwéngleche Wunnengsbau an net géint soziale Wunnengsbau.

Deel dëse Post: