En Donneschden de 26. Januar 2012 war eng historesch Debatt fir eist Lëtzebuerger Ländchen. Den Index esou ewéi mir en bis elo kannt hunn, soll oofgeschaff ginn an et soll bis 2014 nëmmen eng Indextranche kommen, egal wéi héich d’Inflatioun ass. Hei e puer Extraiten vum Jacques-Yves Henckes a Gast Gibéryen während der Debatt.

Jacques-Yves Henckes

D’Wirtschaftskris, déi finaziell Problemer vum Euro an d’Finanzsituatioun vum Staat sinn d’Ursaach fir iwwer villes nozedenken a sech d‘Fro ze stellen wéi mir onst d‘Land de wirtschaftlechen a finanziellen Realitéiten upasse kënnen.
Déi Léisungen déi mir zeréckhalen, mussen an onseren Aaen 3 Prinzipien respectéieren:

  1. Si mussen Compétivitéit vun onsere Betriber an onsere Banken garantéieren
  2. Si dierfen de Budget vum Staat net an en finanziellen Deséquiliber bréngen
  3. Si musse gerecht sinn, si mussen sozial gerecht sinn.

Compétivitéit
D’UEL huet 2009 en Arbechtsdokument ausgeschafft mat 100 Mesuren fir d’Compétivitéit vun onsere Betriber ze garantéiren. An do geet riets vum Index mä net nëmmen vun deem. Et ginn och nach 99 aner Mesuren opgezielt. D’ADR ass der Meenung, datt een fir d’éischt dës Mesuren soll ugoen eier een un den Index spille geet. Ech zielen der nëmmen e puer op:

  • D‘Reductioun vun de „Charges administratives“ – wat ass geschitt? Näischt bis wéineg
  • Délaië fir PAP a PAG – wat ass geschitt? Näischt
  • „Plan sectoriel“ fir nei „Zones d’activité économique“ – wat ass geschitt? Näischt
  • Netting fiscal, Remboursement TVA, Chômage, Erzéihung, … et kann een nach lange sou weider opzeielen

Upassung vun de Gehälter un d’Evolutioun vun de Liewenskäschten

Wou sti mir?
D‘Analyse ECA International vum 17.10 2011 iwwert de Stonneloun – d‘Belsch: 38,2 €; Frankreich: 33,1 €; Lëtzebuerg: 32,8 €; Däitschland: 29,1 € (bedéngt well Däitschland kee Mindestloun huet)

D’Method ass keng automatesch Upassung: Gewerkschaften négociéieren Kollektivverträg, Konflikter, Streit a Streik, Mindestgehälter a Gehälter an klénge Betriber ginn net ugepasst
Awer: Däitschland huet Kollektivvertraeg mat + 2,9% an der Moyenne: An dat bei enger Inflatioun vun nëmmen 2,3%
Hei nach aner Secteure: Metall + 2,7 %; Banken + 1,6%; Bau + 3,4%; Fonction Publique + 3,4%
Bei der automatescher Index Upassung

  • Déi Gehälter vu Salarien, wou et keen Kollektivertrag gëtt, bénéficiéiren dovun
  • Méi sozial Cohésioun
  • De System huet sech bewährt

Entweder oder!

D’ADR ass fir den Indexsystem beizebehaalen, mä awer och mat engem kloeren Appel un d’Gewerkschaften fir deen Ablack an dësen Zäiten Nullronnen ze dréien oder ganz moderat virzegoen

INDEXMODULATIOUN esou wéi d’Regierung se virschléit
Mat dësem Gesetz muss d‘Regierung näischt méi maachen fir d’Inflatioun zu Lëtzebuerg an den Grëff ze kréien
D’Regierung 2009 haat e „Plan d’action contre une inflation excessive“ ausgeschafft. 65 Mesuren stungen do dran. A wat ass geschitt, ma  näischt ass geschitt. Et louch den Daag no de Wahlen am Tirang!!

Inflatioun 2011 zu Letzebuerg: + 3,4% an Däitschschland + 2,3% an a Frankreich + 2,7%
Prix administrés (Waasser, Servior, Gesondheetskees…) hunn 2010 mat + 3,44% ofgeschloss an engem Index vun + 2,3 %

Eng weider Gefor ass datt D’Regierung kann d’TVA vu 15% erhéigen an do ginn et da keng Repercussioun op d’Gehälter. Et ass jo keen Index méi do.

An dann de Wuerekuerf
Logementskäschten maachen am Wuerekuerf nëmmen 4% aus!!
All Stoot gëtt méi aus am Mount fir Logementskäschten wéi nëmmen 4% vu sengem Akommes!!

D’ADR steet fir Tubak an Alkohol eraus aus dem Wuerekuerf, awer dofir verlangt d’ADR datt de Wuerekuerf nei établiert gëtt, well de Budget vun de Steit an der Kris net méi deeselwechten ass, wéi virun der Kris.
Déi virgeschloen Indexmodulatioun ass déi falsch Léisung. Si dréit net zum soziale Fridden an zur sozialer Cohésioun bäi. Mir riskéieren niewt enger Indextranche och nach staark Sozialkonflikter am Kader vu Kollektivvertragsverhandlungen wéi dat vun de Gewerkschaften ugekënnegt gouf. Hei gëtt Competivitéit vun de Betriber da wirklech a Fro gestallt.

Déi richteg Léisung ass den Index behalen wéi en ass, Mesuren ze huelen fir d‘ Inflatioun niddreg ze halen, de Wuerekuerf vum Index den neien Gegebenheeten unzepassen an d’Compétitivitéit- a Produktivitéitsproblemer vun de Banken a Betriber resolut unzegoen.

Gast Gibéryen

Den 30. Abrëll 2010 hat d’LSAP zu Moutfort e Kongress op deem den heitegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit verkënnegt huet, datt d’LSAP géif wéi e Fiels an der Fro vum Index stor bleiwen a géifen net ëmfalen. Haut ass et esou wäit, de 26. Januar 2012 geet an d’Analen vun der LSAP an als deen Dag wou si emgefall sinn.

D’Sozialisten haten de Wahlslogan „mir paken et un“. An dëser Fro hätten si d’Fangere besser dovu geloos, dann hätte si net hier d’Wahlverspriechen ze verooden.

An da kënnt den Här Alex Bodry  a schwätzt am Contexte vum Index, vun eise Rekordzuelen vu 16.000 Chômeuren. Bei deene läschte Debatten iwwert d’Indexmanipulatioun hei an der Chamber, hu si Argumenter bruecht fir Aarbechtsplazen ze schafen an de Chômage ofzebauen. Elo kommen si mat de selwechten Argumenter a mir hunn der 4.000 weider am Chômage sëtzen.

Mä och bei der CSV spille verschidde Léit eng komesch Roll. Mir fannen dat net richteg vun der Partei ëmmer dann esou Themen wéi den Index an der Chamber op den Ordre du jour ze bréngen, wa Léit wéi de Robert Weber verhënnert ass.

Onverständlech sinn och Léit wéi den Här Spautz an den Här Kaes. Si sinn an d’Chamberwahle gang als Gewerkschaftssekretären an haut bezeihen si nach ëmmer Paien vun hierer Gewerkschaft. Elo sëtzen si hei a stëmmen e Gesetz dat géint daat geet woufir hier Gewerkschaften stinn. Well si sinn als Gewerkschaftler an d’Chamber gewielt ginn, mä haut als Politiker hunn si dat alles vergiess. Laut de Statuten vun enger Gewerkschaft missten eigentlech esou Léit aus der Gewerkschaft ausgeschloss ginn. Bal sämtlech Députéierter sinn an enger Gewerkschaft, da missten, wann et e Code de Deontolgie an de Gewerkschafte gëtt, e gudden Deel ausgeschloss ginn. Do kann een nëmmen dovun ausgoen, datt een op deenen nächsten 1.Mee Manifestatiounen kee méi vun eise Ministere gesäit an op deenen nächste Chamberlëschten, vun de Parteien déi haut fir de Projet stëmmen, keng Gewerkschaftler méi ze fanne sinn.