D’Visumsflicht fir d’Awunner vun enger Rei vu Balkanlänner muss nees ageféiert ginn, respektiv weiderhi bestoe bleiwen. D’ADR bekennt sech zur völkerrechtlecher a moralecher Flicht vun engem Staat fir deene Mënschen, déi e Recht op Asyl hunn, och Asyl ze ginn; si ass awer géint all Mëssbrauch vum Asylrecht. Duerch d’Visumsflicht géing d’Zuel vun den “Asyltouristen”, wéi se de Minister Schmit selwer bezeechent, drastesch erofgoen. Ausserdem fuerdert d’ADR geziilte Grenzkontrollen an e resolut polizeilecht a juristescht Virgoen géint d’Schleiserbanden, duerch déi déi illegal Immigratioun zoustane kënnt.D’Zuele schwätze fir sech: an der éischter Halschent vun dësem Joer sinn net manner ewéi 1201 Demanden agereecht ginn, fir de Statut vum Réfugié zougesprach ze kréien. Am Joer 2007, zum Beispill, goufen et der 426, an dëst fir déi zwielef Méint vun deem Joer. Zënterhier hëlt den Undrang net of, ganz au Contraire: déi publizéiert Statistiken deite kloer op eng Tendenz no uewen hin. De Gros vun deenen, déi dëse Wee ginn, kommen aus dem Balkan an domadder och aus Länner, déi Kandidate fir den EU-Bäitrëtt sinn.

Mat sengen Homologen aus Serbien an aus Mazedonien hat de Lëtzebuerger Ausseminister deslescht d’Geleeënheet dës Problematik unzeschwätzen; mä déi konkret Moossname loossen nach ëmmer op sech waarden. Et kann net sinn, datt Lëtzebuerg esou eng grouss Unzuel un Demandeurs d’asile aus dem Balkan muss geréieren, wann a priori gewosst ass, datt hinnen de Statut vum Réfugié net accordéiert ka ginn, well se d’Critèren net erfëllen.

Déi aktuell Situatioun léisst jiddefalls ze wënschen iwwreg: d’Verwaltunge sinn duerch déi vill Demanden iwwerlaascht, et mussen eng Abberzuel vu Réckféierungen duerchféiert ginn an d’Flüchtlingen, deenen effektiv e Schutz muss zougesprach ginn, musse laang waarden, bis hiren Dossier traitéiert gëtt a si zu Lëtzebuerg en neit Liewe kënnen ufänken. Mam “Asyltourismus”, wéi et de Minister Schmit selwer genannt huet, muss endlech Schluss sinn. Och de Staatsminister huet sech an der Chamber zu deem Thema geäussert: “Si [D’Serben] kënne Serbien méi liicht verloossen zanter datt et keng Visaflicht méi tëschent Serbien an der europäescher Unioun gëtt (…). Den aktuelle Flüchtlingsstroum aus Serbien no Westeuropa an domat och no Lëtzebuerg (…) dee muss un d’Stoe kommen. (…) [F]ir Mënschen aus engem séchere Land ass a priori keng Plaz” (Ried zur Lag vun der Natioun 2011)

D’ADR fuerdert also op en Neits, datt d’Visumsflicht fir déi betraffe Länner (Serbien, Montenegro, Albanien, Fréier Yougoslawesch Republik Mazedonien, Bosnien-Herzegowina) nees muss ageféiert ginn, respektiv bestoe bleift (Kosovo)! Ausserdem musse geziilte Grenzkontrollen duerchgeféiert ginn an d’Schleiser mussen endlech zur Recheschaft gezu ginn. D’Lëtzebuerger Regierung huet vill ze laang dëser Situatioun nogekuckt ouni decidéiert ze handelen!