D’Verfassungsgeriicht am CSV-Staat

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D’Aufgab vum Verfassungsgeriicht ass et, ze préiwen, ob Gesetzer konform zu eiser Verfassung sinn. Zu Lëtzebuerg geet d’Schafung vum Verfassungsgeriicht op en Urteel vum Europäesche Mënscherechtsgeriicht zeréck (Procola-Urteel 1995). Zanterhier huet eist Verfassungsgeriicht eng Rëtsch Urteeler geholl, déi bewisen hunn, datt eis Gesetzer nach laang net ëmmer konform zur Verfaassung sinn.

Déi aktuell Situatioun kann d’ADR awer net zefridde stellen. Den einfache Bierger ka mat sengem Uleies net direkt virun d‘Verfassungsgeriicht goen, mee muss fir d’éischt déi nor-mal Geriichtsbarkeet uruffen, an dann hoffen, datt dee Riichter eng „question préjudicielle“ iw-wer d’Vereinbarkeet vun deem betreffende Gesetz mat der Constitutioun un d‘Verfassungsgeriicht weider-leet.

Am Ausland, z.B. an Däitsch-land, ass den Zougank op de „Verfassungsgerichtshof“ vill méi liicht. D’ADR verlaangt duerfir eng grëndlech Reform vun eisem Verfassungsgeriicht op e puer Punkten:

De Bierger muss sech kënnen direkt un d‘Verfassungsgeriicht wenden. Natierlech muss seng Demande virdrun op hir Berechtegung iwwerpréift ginn, fir d‘Verfassungsgeriicht net onnëtz ze belaaschten.

D’ADR ass awer och der Meenung, datt an der Preparatioun vun engem Gesetz d‘Verfassungsgeriicht soll kënnen ugeruff ginn, wann Zweiwelen iwwer d’Conformitéit mat der Verfaassung op-kommen. Sou sollen zum Beispill eng limitéiert Zuel vun Deputéierten oder de Staatsrot sech an sou enger Situatioun un d‘Verfassungsgeriicht wen-de kënnen, fir am Virfeld vum Vote an der Chamber Kloerheet ze kréien.

Weider wëll d’ADR dem Grand-Duc d’Méiglechkeet ginn, fir sech virun der Promulgatioun vun engem Gesetz un d‘Verfas-sungsgeriicht ze adresséieren, wann hien Zweiwel un der verfassungsméisseger Confor-mitéit vun engem votéierte Gesetz huet.

E Staat kann nëmmen demokratesch funktionéieren, wann e seng eege Rechtsnorme strikt respektéiert. Duerfir ass e Verfassungsgeriicht, dat alle Leit um direkte Wee opsteet, fir d’ADR e wichtegt Element vun enger lieweger Demokratie. An dat ganz besonnesch an eisem CSV-Staat!

Deel dëse Post: