D’Suerge vun de Baueren eescht huelen

D’Bauerenzentral ass de Sproochrouer fir déi sëlleche Suergen, mat deenen eis Bauere konfrontéiert sinn. An hirer Entrevue mat der ADR vum 10. Mee goufen eng ganz Rei vun deene Problemer ugeschwat. Besonnesch kleng a mëttelstänneg Betriber si mat iwwerméissegen an onsënnege Virschrëfte geplot. Et muss een och de jonke Baueren d’Betribsiwwernam méi einfach maache, fir esou de Generatiounswiessel ze sécheren. D’Bauerenzentral setzt sech och dofir an, datt d’Diskussioun iwwert d’Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg méi objektiv a manner emotional gefouert gëtt. Et feelen an där Diskussioun oft rational a wëssenschaftlech Argumenter an d’Vertraue vun de Leit a regional Produiten, déi souwisou schonns mat héije Qualitéitsstandarde produzéiert ginn, gëtt esou futti gemaach. Och d’Klimaschutzmoossnamen däerfen sech net just drop reduzéieren, datt de Véibestand soll ofgebaut ginn. Et soll ee méi an technesch Moossnamen investéieren, fir esou de Klimaschutzmoossname gerecht ze ginn. Verbesserungspotential gesäit d’Bauerenzentral och beim soziale Volet: Et ass fir d’Baueren dacks schwéier, e gereegelt Sozialliewen ze féieren: Och d’Bauere missten esou z.B. vum Pappecongé profitéiere kënnen. D’Bauerenzentral proposéiert 60 konkret Mesurë fir d’Landwirtschaft opzewäerten. D’ADR, vertrueden duerch d’Deputéierte Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding, wäert d’Ëffentlechkeet weider sensibiliséiere fir d’Uleiesse vun de Baueren. D’Bauerenzentral war vertrueden duerch d’Direktesch Josiane Willems, de Vize-President Wester Christian an duerch d’Lafleur-Rennel Nicole.

Deel dëse Post: