De Premier Minister Jean-Claude Juncker an d’CSV wëllen d’Reform vun dem Staatsbeamtestatut mat enger Erhéijung vun de Paien an enger Prime kafen. De Vize-Premier Jean Asselborn an d’LSAP dreeën der CGFP, den Accord mat der Gewerkschaft scheiteren ze loosse wann dës dem Här Asselborn de Sëtz am UN-Sécherheetsrot net vergënnt. D’ADR ass entsat iwwer dës Aussoe vun der Spëtz vun der CSV-LSAP Koalitioun. Et däerf net sinn, datt en Accord salarial vun enger Reform vum Staatsbeamtestatut oder enger politescher Wonschlëscht vum Ausseminister ofhängeg gemaach gëtt!

D’Staatsdepense lafe fort, an de séchere Wee vum CSV-Finanzminister soll pro Joer iwwert en Emprunt vun enger Milliard Euro gepflastert ginn. Trotz dëser finanzieller Schieflag zécke Jean-Claude Juncker, François Biltgen an Octavie Modert net, de Staatsbeamten déi ëmstridde Reform vun hirem Statut iwwert eng allgemeng Erhéijung vum Punktwäert an enger eemoleger Prime schmackhaft ze maachen. D’Reform an eng besser Pai vuneneen ofhängeg ze maachen: dat ass Erpressung!

D’ADR, wéi all déi aner Parteien an der Chamber, huet sech kloer zur„Nullronn“ fir d’Beamte an dëse Krisenzäite bekannt. Et muss dobäi bleiwen, datt an Zäite wou de Staat Joer fir Joer 1 Milliard léine geet fir mat den Ennen uneneen ze kommen, d’Lounmass vum Staat muss stabel bleiwen. Et däerf net sinn, datt Scholden op déi nächst Generatioune gedréckt gi fir haut, respektiv virun den nächste Wahlen, d’Paien an der Fonction publique ze hiewen!

Och d’Drohungen, déi vum Ausseminister Jean Asselborn vis-à-vis vun der Staatsbeamtegewerkschaft um LSAP-Kongress ausgeschwat gi sinn, falen an d’Kategorie „inakzeptabel“. D’Reform vum Statut vun de Staatsbeamten huet näischt mam Jean Asselborn senge Wënsch ze dinn, sech enges Daags am UN-Sécherheetsrot fotograféieren ze loossen! D’ADR vertrëtt schonns laang d’Positioun, datt e Sëtz am Sécherheetsrot Lëtzebuerg näischt bréngt awer vill kascht, besonnesch wou déi néideg Ressourcen um personellen an organisatoreschem Plang feelen.

D’ADR wäert mat grousser Opmierksamkeet d’Reform vum Staatsbeamtestatut verfollegen, an zum Beispill Wäert drop leeën, datt d’Beamte fräi vun allem politeschem Drock bleiwen. Op kee Fall awer ass d’Alternativ Demokratesch Reformpartei averstanen, datt dës Reform vun der CSV kaf gëtt oder vun den Sozialisten u Bedingungen, déi absolut näischt mat der Reform ze dinn hunn, gekoppelt gëtt.