Schonns virun zwee Joer, den 23. Abrëll 2010, huet d’ADR eng Rei vu Propositioune gemaach fir Suen ze spueren an de Staatsbudget nees an d’Gläichgewiicht ze bréngen. Leider ass d’Regierung deemools net op dës Propositiounen agaangen an huet weider Scholde gemaach. Virun de Gemengewahlen 2011 goufen och nach weider Engagementer geholl, besonnesch géintiwwer der Fonction Publique, obschonns och deemools schonn de Budget vum Zentralstaat defizitär war an d’Staatsscholde gewuess sinn.
Virun der Declaratioun iwwert d‘Lag vun der Natioun vum 8. Mee 2012 huet d’ADR déi Propositiounen elo nach eemol aktualiséiert. Ausserdeem huet d’ADR zënterhier och nach Propositioune fir d’Reform vum Pensiounswiese gemaach, déi och e wichtege Bäitrag zur Verbesserung vun der finanzieller Situatioun vum Staat duerstellen.
D’ADR fuerdert d’Regierung op, fir déi Spuerpropositioune vun der ADR ze acceptéieren a si an d’Realitéit ëmzesetzen!

ADR Propositioune fir Suen ze spueren
Aktualiséiert am Abrëll 2012

1. Transparenz an de Staatsfinanzen

Monatlech Verëffentlechung:

  • vun de Recetten an den Depensen am Verglach mam Virjoer a mam Budget;
  • vun der Tresorerie (Liquiditéitssituatioun);
  • vun der Staatsschold;
  • vun der finanzieller Situatioun vun de Spezialfongen;
  • vun de Steierrecettë pro Aktivitéitssekteur;
  • vun de Beträg wéi vill d’Steierverwaltung an den Enregistrement de Privatleit an den Entreprisen un Zereckzuelungen schëlleg ass.

2. Spuere beim Staat

  • Aschreiwe vun der Scholdebrems an d’Verfassung;
  • Fir der Regierung beim Spueren ze hëllefen, muss fir all gréissere Projet dem Parlament eng extern Bewäertung agereecht ginn iwwert d’Noutwennegkeet, d’Zweckméissegkeet an d’Kächteneffizienz vum Projet;
  • Aschränkung vun de sougenannten „crédits non limitatifs et sans distinction d‘exercice“;
  • Verwaltungskäschten drastesch reduzéieren (iwwert d’Hëllef vun „Audits externes“);
  • Duerchforsten vu Subventiounen a Subsiden;
  • Reduzéiere vun de Publizitéitscampagnë vun den eenzelne Ministèren;
  • D’Entwécklungshëllef op 0,7 % vum RIB zeréckféieren. Méi grouss Bedeelegung vu lëtzebuerger Betriber a Projete fir Entwécklungshëllef;
  • Ministèren a Verwaltungen, déi reng ideologescher Natur sinn oder där hiren Notzen net gläich erkennbar ass, ginn ofgeschaf oder an aner Verwaltungen integréiert a rationaliséiert;
  • Kandidatur fir e Mandat vu Lëtzebuerg am UN-Sécherheetsrot zeréckzéien;
  • Neiverhandlung vun de finanzielle Beiträg an internationalen Organisatiounen;
  • Schluss mam Verprassen vu Budgetsrechter um Enn vum Joer;
  • Keng weider Transferten an d’Ausland am Kader vum Klimaschutz;
  • Kampf géint de Mëssbrauch am Beräich vun de Sozialleeschtungen.

3. Projeten déi definitiv gestrach musse ginn

  • Tram
  • De Militärfliger A 400 M
  • E.go
  • Zuchstreck vun der Gare op de Findel
  • D’Sanéierung vum Héichuewen A a B

4. Projeten déi zeréck gesat musse ginn

  • Déi 3. Spuer vun der Autobunn Stengefort – Diddeleng (D’ADR ass der Meenung, datt de Bau vum City-Tunnel – Eisebunnstunnel ënnert der Stad – d’Verkéiersproblemer vill méi effizient an ëmweltfrëndlech léisst)
  • De Bau vum Velodrome
  • De Bau vum nationale Fussballstadion

Sämtlech Investitiounen an Infrastrukture mussen no Prioritéiten opgestallt an zäitlech esou realiséiert ginn, datt se de budgetäre Méiglechkeeten entspriechen.

5. Sozial- a steierpolitesch Moossnamen

  • Index bäibehalen;
  • Nullronn am ëffentlechen Déngscht;
  • Tubak an Alkohol aus dem Indexwuerekuerf huelen;
  • D’ADR ass d’Bäibehale vun all Ënnerstëtzungsmoossnamen (Kannergeld, Kannerbonus, Chèques services…) fir d’Familljen, woubäi déi verschidde Moossname solle regroupéiert ginn an d’sozial Selektivitéit iwwert d’Stéiere realiséiert gëtt;
  • D’ADR ass géint:
    • eng nei Krisesteier
    • eng Erhéijung vun der TVA
  • D’ADR ass averstanen:
    • mat der Netupassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun
    • d‘Solidaritéitssteier erop ze setzen
    • den Héchststeiersaz vun 38 ob 39 % erop ze sëtze mat engem Supersteiersaz vun 42 % fir steierflichteg Beträg vun iwwer 250.000€
  • D’ADR ass fir eng Bankenabgab, awer nëmmen opweltwäiten Niveau  ënnert der Bedingung datt doduerch d’Konkurrenz net verfälscht gëtt (TOBIN-Tax op Devisentransaktiounen 0,05-1%).
  • Dat selwecht gëllt fir eng Kerosinsteier fir d’Aviatioun.
  • De Staat soll sech op seng Käraufgabe konzentréieren;
  • Am ëffentlechen Déngscht sollen nëmme méi déi Posten nei besat ginn, déi onbedéngt musse besat sinn;
  • De  „changement d’Administration“ muss méi wäit opgemaach ginn.