Saisie a Cessioune: Besserung a Siicht!

De Montant, deen engem Salarié bleift, wann en Saisie op senger Pai läit, soll däitlech verbessert ginn! Dëst och duerch d’Interventioun, a Form vun enger parlamentarescher Fro, vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen!

Trotz der Inflatioun an der Explosioun vun de Präisser um Wunnengsmaart sinn d’Beträg respektiv Prozentsätz, déi bei enger Saisie op der Pai gëllen, zanter 2002 net méi ugepasst ginn. Esou bleift aktuell engem Salarié, egal wéi héich seng Nettopai ass, e Maximum vun 1.505 Euro fir ze liewen am Fall vun der Saisie, oder nëmmen 1.260 Euro am Fall vun der Cessioun, dëst also manner wéi den RMG oder dem Seuil vun der Aarmut!

Dowéinst hat den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen eng parlamentaresch Fro un de Justizminister gestallt, mat der Suggestioun, kuerzfristeg d’Beträg déi net saiséiert kënne ginn der Inflatioun an der Situatioun um Wunnengsmaart unzepassen.

D’Regierung huet positiv op dës Suggestioun geäntwert! An den nächste Woche soll e groussherzoglecht Reglement virgestallt ginn, deen eng Adaptatioun vun den Tranchë vu 2002 virgesäit. Dës sollen un den aktuellen Index ugepasst ginn!

Et kéint weider, nach an dëser Legislaturperiod, zur enger méi genereller Reform vum Gesetz iwwert Saisien a Cessioune kommen. Dëst op Basis vun engem Projet… dee schonn zanter dem Mee 2002 an der Chamber läit.

 

Deel dëse Post: