Dreift de Staat d’Faillitten-Zuel no uewen?

2019 hunn d’Bezierksgeriichter Lëtzebuerg an Dikrech iwwer 1200 Faillitte gesprach … Déi meescht vun dësen Urteeler, déi fir Geschäftsleit jo un dat Liewegt ginn, erfgollegen op Assignatioun vun staatleche Verwaltungen (Enregistrement, Steieramt, CCSS). Dat ass dat lescht an dramateschst Mëttel fir ausstoend Suen anzedreiwen.  Eng parlamentaresch Fro vum Roy Reding geet drëm, d¨Fuerderungen an de Krisenzäiten ze echelonéieren. Den ADR-Deputéierte wëll och wëssen, ob sech d’Verwaltungen vläicht zeréckgehalen hunn fir Betriber, déi net all Schold beim Staat bezuelt hunn, op d’Geriicht ze huelen.

Deel dëse Post: