D’Regierung wëll keng Barriäre fir Sécherheet um Quai

Et gëtt Barriären, déi verhënneren, datt Leit vun engem Quai kënne virun den Zuch falen oder gestouss ginn an esou e wichtege Bäitrag fir d’Sécherheet vun de Passagéier leeschten. De Fernand Kartheiser huet nogefrot, ob dat eng Optioun fir Lëtzebuerg wär, nodeems an Däitschland e Kand virun den Zuch gestouss gi war. Den Mobilitéitsminister François Bausch huet kalbliddeg geäntwert, dat wär technesch schwiereg ze realiséieren an och ze deier (wirtschaftlech net sënnvoll). Wann d’Argument vun ënnerschiddlechen Zuchtypen, déi d’Berechnen vun deene Barriäre schwéier maachen och aliicht … kee Wuert vum Minister iwwert de Wäert vu Mënscheliewen a vu séchere Quaien. Sënnvoll ass, wat Sue bréngt a keen technescht Kappzerbrieche mécht …

Deel dëse Post: