D’Regierung kuckt no, wéi Qatar Airways d’Cargolux futti mécht!

print

Zënter datt Qatar Airways 35% vun den Aktië vun eiser nationaler Cargo-Fluggesellschaft Cargolux iwwerholl huet räissen déi schlecht Noriichten net méi of. D’Firma wier net kompetitiv, d’Strukture veraalt, de Geschäftsmodell net zäitgeméiss. Bei enger Firma déi bis 2010 operationell Gewënner gemaach huet soll vun haut op mar alles a Fro gestallt a geännert ginn. En ‚Neie Geschäftsmodell‘ muss hier. E Minderheetsaktionär féiert sech op wéi wann hien den eenzege Besëtzer vun der Firma wär a léisst kee gutt Hoer méi drun.

Eis Regierung, Vertrieder vum Lëtzebuerger Staat, deen ëmmerhin indirekt iwwert 65% vun den Aktië besetzt seet näischt. D’Ministere vun der Nohaltegkeet an Infrastrukture souwéi de Wirtschaftsminister verstoppen sech dohannert datt et sech jo ëm „privat Firmen“ handelt an se sech dofir net ze vill kënnen amëschen. Abee, wei et ëm de Verkaf vun der Firma gaangen ass war d’Saach nach anescht – do hu se sech intensiv drëm bekëmmert, keen Effort war ze grouss, se sinn duerch d’Welt gereest an hu Gespréicher iwwer Gespréicher gefouert fir se ze verjubbelen – mä dat huet jo och Geld an d’Kees bruecht! Ass et lo der Regierung ganz egal wat mat der Cargolux an hiren honnerte vu Salariée geschitt oder ginn hei vläicht politesch Ziler virun däi wirtschaftlech a sozial Ziler gesat an des héich qualifizéiert Aarbechtsplaze ganz bewosst dofir geaffert.

Dobäi léisst den neien ‚Interims-CEO‘ vun der Cargolux, fréiere Finanzchef bei Qatar an op Dränge vu Qatar op säi Poste bei der Cargolux ernannt, keen Zweiwel u senge Pläng: fir d’Ëmsetze vum sougenannten ‚Neie Geschäftsmodell‘ soll eenzeg an alleng de finanziellen Aspekt berücksichtegt ginn. D’Interesse vum Standuert Lëtzebuerg an d’Erhale vun den Aarbechtsplaze spillen hei keng Roll! ‚Outsourcing‘ ass Tromp: d’Lëtzebuerger Maintenance ass ze deier, an Asien gëtt méi bëlleg geschafft! Qualitéit a Sécherheet? Dat kann net an Zuelen ausgedréckt ginn, et soll jo nëmmen de finanziellen Aspekt zielen! Jorelaang huet sech d’Cargolux weltwäit e gudde Ruff mat hirer Maintenance an hirem qualifizéierte Personal gemaach. Iwwer Joerzéngte goufe Qualifikatioune a Lizenze mat vill Méi an Äifer erschafft.  Mam Lycée Technique Emile Metz ass extra eng Formatioun opgebaut ginn. Souguer Drëttfirmen komme fir hier Maintenance op Lëtzebuerg. Domat soll lo Schluss sinn:  bëlleg ass Tromp!

An anere Beräicher wei an der Informatik oder beim Cockpitpersonal gëtt och en Outsourcing net ausgeschloss, beim Kollektivvertrag vum gesamte Personal soll de roude Stëft ugesat ginn. D’Beleegschaft soll bludde fir exorbitant Strofen déi hu misse bezuelt gi wéinst illegale Machenschafte vum Management. Et gëtt e systemateschen Demontage vun enger Firma bedriwwen déi sech iwwer 40 Joer als exemplaresch behaapt huet, wou d’Personal sech duerch héich Motivatioun a Flexibilitéit ausgezeechent huet a wou bis viru Kuerzem nach alles am Botter war!

A weem notzt dat ganzt? Héchstens der Konkurrenz an virun allem Qatar Airways! Souguer den ‚Interims-CEO‘ selwer mécht keen Heel doraus datt Qatar mëttlerweil zu den Haaptkonkurrente vun der Cargolux zielt! Och hei huet eis Regierung méi aktiv gehollef: d’Ënnerschreiwe vum ‚Open Skies‘ Ofkommes mam Emirat Qatar implizéiert déi 5. Fräiheet am Loftverkéier a gëtt hinne soumat d’Méiglechkeet aus Lëtzebuerg eraus der Cargolux op hiere Strecken direkt Konkurrenz ze maachen – souguer mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat mat all neier Linn déi geflu gëtt. Eng gutt Positioun fir Qatar Airways – duerch hiren Actionnariat hu si jo vollen Abléck an d’Geschäftsbicher mat alle Präisser, der Clientèle an de Kontrakter vun der Cargolux! Ëmsou méi onverständlech datt déi aktuell Féierung ëmmer méi Geschäftsberäicher wëllt vun der Cargolux u Qatar selwer iwwerdroen. Sou soll an Zukunft eventuell Qatar fir d’Cargolux d’Fligere kafe fir se un d‘Cargolux ze leasen, d’Frachtkapazitéit vu Qatar Airways soll méi ausgenotzt ginn, Strecken déi duebel bedéngt gi soll d’Cargolux opginn, etc…

D’ADR riicht en dréngenden Appell un eis Regierung, d’Interesse vum Staat, sengen Awunner an Salariée, de Lëtzebuerger Geschäfts- a Sozialmodell, souwéi de Standuert Lëtzebuerg fir all d’Aktivitéite vun der Cargolux an hirer Positioun als indirekte Majoritéitsaktionnär vu 65% méi adequat ze verdeedegen, d’Aarbechtsplazen a –Bedingungen hei am Land ze erhalen an der systematescher Demontage vun der Cargolux ee fir alle Mol en Ënn ze sëtzen!

D’ADR erënnert drun, wéi houfreg d’Regierung op hir nei Geschäftsbezéiunge mam Qatar wor a wéi si de Qatar praktesch dozou gedrängt huet, massiv an d’Lëtzebuerger Economie anzegräifen. Si huet komplett verkannt, datt am Qatar eng ganz aner Geschäftskultur wéi zu Lëtzebuerg gëllt an dat an dem Land Mënscherechter a sozial Rechter mat butzeg klenge Buschtawe geschriwwe ginn. D’Regierung dréit, duerch hir Naivitéit an hier falsch Decisiounen am Commerce extérieur, d’Haaptverantwortung am Dossier Cargolux!

D’ADR verlaangt, datt d‘Regierung  lo endlech hier Responsabilitéit vis-à-vis vun der Cargolux an hirem Personal  soll huelen éier et ze spéit as, an dofir suergen dass d’Cargolux eng Direktioun kritt déi d’Interesse vun eisem Land vertrëtt!