D’Regierung huet d’Kierchen an d’CSV erpresst [Video]

Konventioune mat sechs Kierchen stoungen den 13. Juli am der Chamber um Programm. De Gast Gibéryen huet dës a Verbindung gesat mat der 4. Referendumsfro, déi d’Regierung d’lescht Joer fale geloss hat, fir datt déi Konventioune konnten ënnerschriwwe ginn. Hien huet dat als Erpressung gesinn, net nëmme vun de Kierchen a besonnesch hei der kathoulescher, mä och vun der CSV, déi am Virfeld eng Resolutioun huet musse matstëmmen, fir d’Verfassung ze änneren. Am zivile Recht, esou de Gast Gibéryen, wären déi Konventiounen duerch e bewisenen Erpressungsmanöver net gülteg. D’Erpressung wär awer och de Beweis, datt d’Gambia-Argumentatioun fir d’Trennung vu Kierch a Staat schwaach gewiecht wär. An de Rapporter vun de Konventiounen hätt zouginn, datt dës Konventiounen  guer keng Trennung vu Kierch a Staat wären.

Fir d’ADR huet de Riedner rappeléiert, datt eis Partei esou Konventiounen an der Chamber ni matgestëmmt hätt. D’ADR ass fir Trennung vu Kierch a Staat no italieneschem Modell, huet de Gast Gibéryen nach eng Kéier ënnerstrach. An Italien kënnen d’Leit op hirer Steiererklärung décidéieren, wien d’Finanzéierung vun 8 Promille (Otto per mile) kritt, d’Kierch vun hirer Wiel oder eng wohltäteg Organisatioun.

Deel dëse Post: