D’ADR, niewent villen in- an auslänneschen Organisatiounen, huet dacks drop higewisen datt Kanner net an de Prisong gehéieren. D’Aussoe vun der Familljeministesch, datt bis Enn 2012 déi zouen Unitéit fir Jugendlecher zu Dräibuer a Betrib geholl géif, wär ze begréissen… wann dësen Zenter net Joeren ze spéit kéim a vun Ufank un vill ze kleng ass!

Et ass en Hohn, datt zu Lëtzebuerg Kanner vun 12 an 13 Joer an e Prisong fir Erwuessener agespaart ginn! Fir t’éischt stellt sech natiirlech d’Fro, wisou Kanner an esou engem jonken Alter Saachen verbriechen, déi esou en Agrëff an hir Fräiheet justifizéieren. Mussen dës Kanner net éischter ënner Schutz gestallt ginn, wann et muss sinn och virun hiren eegenen Elteren?

Et bleift awer d’Tatsaach dat Mannerjäereger sech zu Aktiounen hiräisse loossen, wou se zu hirem Schutz an zu deem vun der Gesellschaft mussen an eng zouen Anstalt gespaart ginn. Dës däerf awer net den „normale“ Prison sinn! Jugendlecher, wou et keng valabel Alternativ gëtt fir se anzespären, mussen an esou enger Institutioun virun allem professionell a qualifizéiert Hëllef kréien, esou datt se op eng sécher Zukunft kënnen opbauen, sécher fir sech selwer a fir d’Gesellschaft.

De Majoritéitsparteien ass de Problem zanter 20 Joer bekannt, an de Premier Minister huet nach 2007 bei der Deklaratioun zu Lag vun der Natioun gesot : „Jonker ënner 18 Joer gehéieren net an de Prisong. (…) Ech sinn dergéint datt mer während däer Zäit wou mer déi Struktur zu Dräibur nach net stoen hunn, Kanner virun an de Prisong féieren. Mir brauchen eng provisoresch Tëscheléisung, dringend.” Wéi sou dacks ass och dës Ausso eng eidel Seefeblos bliwwen!

Et ass ze fäerten datt duerch déi schwéier Mängel an eiser Famillgen- Edukatiouns- an Immigratiounspolitik d’Zuel vun der Mannerjäreger déi mussen agespaart ginn, nach  zouhëlt.
D’ADR verlaangt, niewent vill méi Ustrengungen an der Präventioun, datt genuch Plaze fir Jugendlecher – Jongen a Meedercher – an zouen Unitéite geschaf ginn, an och gesuergt gëtt, datt genuch qualifizéiert Personal fir den Encadrement zur Verfügung steet. Dëst muss eng absolut Prioritéit fir d’Regierung sinn.

Besonnesch schlëmm ass awer, datt d’Familljeministesch, déi an dësem Dossier eng grouss Verantwortung dréit, net zéckt, fir d’Verantwortung grad bei déi Gemeng ze drécken, déi sech bereet erkläert huet, déi zouen Unitéit béi sech opzehuelen! Schonns am Joer 2000 (!) huet d’Wuermer Gemeng an enger Resolutioun festgehalen datt et net verantwortlech wäer, esou eng Unitéit op nëmmen 12 Plazen ze limitéieren. Deemno läit d’Verantwortung bei der Regierung, an d’Ministesch huet gelunn. Wann se nët bereet ass, duerfir ze demissionéiren, da soll se sech wéinegstens bei der Wuermer Gemeng entschëllegen an sech déck schummen!