D’Pressefräiheet am Mëttelpunkt (VIDEO)

En Dënschdeg, de 24. Juni 2014 huet den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser an de Kommissioun fir Chancëgläichheet eemol méi seng Gesetzespropositioun fir d’Presse- a Mediefräiheet verdeedegt. Virun engem Joer ass e Gesetz gestëmmt ginn an a Kraaft getrueden, dat net nëmmen an den Ae vun der ADR, mä och an deene vum Presserot e Verstouss géint d‘Pressefräiheet duerstellt. Mat senger Initiativ setzt sech de Fernand Kartheiser dofir an, datt dës Gesetzesännerung nees réckgängeg gemaach gëtt.

E Méindeg huet de Fernand Kartheiser verlaangt, dat seng „Proposition de loi 6586“ och an de Mediekommissioun analyséiert gëtt. Zumindest huet en erreecht, datt ier d’Propositioun an de Plenum kënnt an de Rapport, dee vum Marc Angel soll virgedroe ginn, de Conseil de Presse nach soll ëm en Avis gefrot ginn. De Ball läit elo bei de Medien an hire Vertrieder.

E Mëttwoch, de 25. Juni huet de Fernand Kartheiser de Point de Presse ofgehalen, fir de Journalisten e Bericht ze maachen iwwert d’Aarbechten an der Kommissioun.

 VIDEO : De Point de Press vum Fernand Kartheiser

Den Historique

Deel dëse Post: