D’Museksveräiner an de Museksunterrecht fërderen!

A senger Interventioun vum 26. September betount den ADR-Parteipresident a Süd-Deputéierte Fred Keup, wéi wichteg d’Museksveräiner fir dat kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg sinn. Dës gehéieren nämlech och zu enger laanger Traditioun. Mam neie Gesetz iwwert de Museksunterrecht besteet allerdéngs de Risiko, datt d’Qualitéit vum Unterrecht net méi garantéiert ass. D’Regierung schrauft also d’Qualitéit vum Museksunterrecht erof an an deem Sënn kann d’ADR dëst Gesetz net matdroen.

Deel dëse Post: