Lëtzebuergesch: den Integratiounsvehikel an der Schoul!

No den Zuelen aus dem Educatiounsministère hunn nëmmen nach 38,8% vun den Spillschoulskanner Lëtzebuergesch als Mammesprooch. Dëst muss fir all Verantwortlech en däitlecht Signal sinn: et musse vill méi grouss Efforte gemaach gi fir d’Integratioun vun de Kanner déi nach kee Lëtzebuergesch kënnen. D’ADR fuerdert d’Regierung op, dem Erléiere vun der lëtzebuerger Sprooch eng absolut Prioritéit ze ginn, esouwuel fir d’Schoulkanner wéi och fir hir Elteren.

Wann 61,2% vun de Kanner am Cycle 1 (Spillschoul) net méi Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn, da kann déi „automatesch“ Integratioun net méi fonctionnéieren! Och an der fréierer Primärschoul, haut Cycle 2 bis 4, ass dat de Fall wann z.B. a Stied wéi an der d’Fiels, zu Wolz oder zu Esch d’Zuel vun dëse friemsproochege Kanner iwwert 2/3 vun der Schoulpopulatioun läit.

Fir d’ADR zielt dowéinst méi wéi jee: d’lëtzebuerger Sprooch ass deen eenzeg richtege Wee fir d’Integratioun zu Lëtzebuerg. Dobäi muss d’Education nationale sech hirer enormer Verantwortung bewosst ginn, virun allem op politeschem Niveau. D’Schoul, an déi ganz Gesellschaft, ass de Kanner vun den Immigranten et schëlleg, datt si sech kënne voll a ganz am Land integréieren, an dofir ass d’Lëtzebuergescht d’Instrument wou een net drop ka verzichten.

D’ADR fuerdert, datt all Kanner déi aus dem Cycle 1 (Précoce a Spillschoul) kommen, deen néidegen Niveau an der lëtzebuerger Sprooch erreechen, fir ouni Startproblemer hir weider Schoul ze reusséieren.

Kanner, déi nei an d’Land kommen, solle während engem Joer eng speziell Schoulklass (classe d’accueil) besiche fir déi Sproochen ze léieren déi an onsem Schoulsystem geléiert ginn, mam Akzent op d’Lëtzebuergescht. Dëst Joer ass net verluer mä et ass eng grouss Hëllef fir duerno am lëtzebuerger Schoulsystem mat ze maachen. An dësem Joer sollen dës Kanner och mat der lëtzebuerger Kultur befaasst ginn, mat Lidder, der Geschicht vum Land an senge Gebräicher.

Fir datt dës Efforte bei de Kanner Friichten droe solle mussen och d’Eltere mat erugezu ginn. D’Efforte fir Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen mussen op allen Niveaue verstäerkt ginn. Instrumenter wéi de „congé linguistique“ musse méi intensiv genotzt ginn, a besser bekannt gemaach ginn. All Auslänner deen sech an enger Gemeng umellt muss op dës Méiglechkeeten higewise ginn. D’ADR besteet drop dat de Sproochenniveau fir d’lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien op kee Fall erof gesat gëtt.

Wa Lëtzebuerg eng Zukunft huet, da mat all senge Kanner, och mat deenen déi nach kee Lëtzebuergesch schwätze wann se an ons Schoule kommen. All Kanner, mat lëtzebuergeschem oder nët-letzebuergeschem „Hannergrond“, déi selwecht Chancen ze ginn, dëst ass déi eenzeg richteg Integratioun an ons Mammesprooch ass deen eenzege Moyen fir dëst ze erreechen.

Weider Links: