D’Madame Err muss hir Konsequenzen zéien !

D’ADR ass iwwer d‘Entwécklungen am Service vum Ombudsman, déi an deene leschte Wochen un d’Ëffentlechkeet koumen, besuergt. Déi Verwaltung, déi ënner der Responsabilitéit vun der Chamber fonctionnéiert, spillt eng wichteg an nëtzlech Roll am Interessi vum Bierger. Déi beispillhaft Manéier wéi den Här Marc Fischbach dës Aufgab iwwer laang Joren erfëllt huet, huet och gehollef, datt d’Verwaltungen am Staat op ville Punkten hir eege Funktiounsweise konnten iwwerdenken a verbesseren.

Déi gravéierend Féierungsschwächten, déi d’Madame Err an der Ausübung vun hirer Aufgab als Mediateur bis elo gewisen huet, hunn d’Pertinenz vun der Positioun an d’Bedenke vun der ADR géintiwwer hirer Kandidatur fir déi Funktioun leider méi wéi confirméiert. D’ADR verlaangt, datt déi Problemer am Service vum Ombudsman scho kuerzfristeg zu enger zefriddestellender an dauerhafter Léisung féieren.

Am Fall, wou d’Aarbechtsklima sech net normaliséiert, muss d’Madame Err hir Konsequenzen zéien an demissionnéieren. De Service vum Ombudsman muss nees kënnen esou fonctionnéieren, wéi d’Bierger et zu Recht erwaarden.

Deel dëse Post: