D’Liliana Miranda als Vize-Presidentin vun der EYC gewielt

D’Liliana Miranda, Generalsekretärin vun der ADR an ADRenalin, ass e Sonndeg de 15. Dezember zu Prag als Vize-Presidentin vum der Daachorganisatioun European Young Conservatives (EYC) gewielt ginn. D’ADRenalin war bis elo an deem Gremium duerch d’Joëlle Giannotte vertrueden.

Och dëst Joer ass de Kongress vun de Jonken europäesche Konservativen zu Prag organiséiert ginn. ADRenalin, d’Jugendpartei vun der ADR, ass an der Tschechescher Haaptstad duerch d’Liliana Miranda vertruede ginn. D’Generalsekretärin esouwuel vun der ADR wéi vun ADRenalin ass eestëmmeg zur Vize-Presidentin vun den European Young Conservatives gewielt ginn.

Um Kongress hunn déi jugendlech Vertrieder aus enger Dose Länner sech mat de Virbereedunge vun den Europawale beschäftegt. D’EYC ass e Gruppement vu konservativen a klassesch liberale Jugendorganisatiounen. Si steet der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR) no, an där d’ADR Member ass.

Deel dëse Post: