D’Lëtzebuergescht däerf net als Kritär fir d’Naturalisatioun ofgeschaf ginn!

print

Den Här Justizminister schwätzt schonns zënter e puer Wochen iwwert eng méiglech Revisioun vum Nationalitéitsgesetz. Fir verschidde Kandidate soll et keen obligatoresche Sproochentest ginn. D’ADR ass zwar bereet iwwert d’Residenzklausel ze diskutéieren, mä wiert sech géint all Versuch d’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch aus der Lëscht vun de Kritäre fir d’Naturalisatioun ze sträichen. Et wär vill méi sënnvoll ze garantéieren, datt all Auslänner duerch héichwäerteg a gratis Coursen och wierklech d’Méiglechkeet kritt fir déi national Sprooch ze léieren, ewéi d’Lëtzebuerger Nationalitéit nach méi ze bradéieren.

D’Kaz ass also aus dem Sak. Den Här Justizminister huet tatsächlech Wëlles d’Nationalitéitsgesetz schonn nees esou z’änneren, datt et ëmmer méi einfach gëtt Lëtzebuerger ze ginn. Hëlt ee seng rezent Aussoen ënnert d’Lupp, da muss ee feststellen, datt hie bereet ass op praktesch all Kritär ze verzichten an datt et geschwënn duergeet e Lëtzebuerger Pass ze froe fir en och ze kréien. Souwuel d’Residenz- wéi och d’Sproocheklausel ginn iwwer Bord geworf an d’Oppositiounsparteien – mat Ausnam vun der ADR – freeë sech och nach doriwwer.

D’ADR ass nämlech der Meenung, datt d’Lëtzebuergescht net kann an net däerf als Kritär fir d’Naturalisatioun ofgeschaf ginn. Am Gesetz, dat momentan a Kraaft ass, ass souwisou scho virgesinn, datt d’Auslänner, déi virun 1984 op Lëtzebuerg komm sinn, kee Sproochentest musse maachen. Et kann ee sech also d’Fro stellen, wien de Justizminister genee domadder mengt, wann hie behaapt, Auslänner, déi scho méi laang am Land wunnen, bräichte kee Lëtzebuerg ze kënnen. De verlaangten Niveau (A2 fir d’Schwätzen a B1 fir d’Verstoen) ass niddereg genuch, fir datt en theoretesch vun all Kandidat mat e wéineg Effort kéint erreecht ginn. D’ADR gesäit allerdéngs an, datt et fir d’Formateuren net einfach ass mat heterogene Gruppen ze schaffen a verlaangt, datt den Educatiounsministère déi néideg Mëttelen asetzt fir se an hirer wäertvoller Aarbecht z’ënnerstëtzen.

Wat d’Residenzklausel ugeet ass d’ADR net géint eng gewësse Flexibilitéit. Et kann nämlech virkommen, datt een zum Beispill aus berufflechen oder familiäre Grënn eng Zäitlaang am Ausland ugemellt ass. Och de Kandidaten, déi 7 Joer Residenz zu Lëtzebuerg kumuléiert hunn, mä d’Sukzessivitéit vun deene Joren net kënnen noweisen, soll d’Naturalisatioun accordéiert ginn, virausgesat si erfëllen déi aner Kritären an hu sech esou gutt wéi méiglech integréiert.

D’ADR ass grondsätzlech fir all Debatt iwwert d’Lëtzebuerger Nationalitéit an am Allgemengen och Identitéit op, mä si weigert sech mat op de Wee, deen d’Regierung am Ament aschléit, ze goen. Et kann einfach net sinn, datt d’Naturalisatioun u kee richtege Kritär méi gebonnen ass an domadder och d’Vermëttele vu gemeinsame Wäerter a vun engem gemeinsame Wëssen, déi am Kader vun der sozialer Kohäsioun immens wichteg sinn, a Fro gestalt.