D’Kontrollstatioune fir motoriséiert Gefierer sinn zënter Joren iwwerlaascht. Well d’Waardezäiten net méi zoumuttbar sinn, huet d’ADR am Kader vun enger Pressekonferenz kloer Propose gemaach fir dëse Problem ze léisen. Engersäits muss d’Periodizitéit vun de Kontrolle geännert ginn; anersäits trëtt d’ADR dofir an, datt och d’Garagen dës Kontroll kënnen iwwerhuelen. Dës Ännerunge géingen allen Automobilisten entgéintkommen. De Resumee vun der Pressekonferenz op ADR-TV

All déi, déi am Besëtz vun engem motoriséierte Gefier, a besonnesch vun engem Auto sinn, ware schonns mam selwechte Problem konfrontéiert: d’Waardezäiten op de Kontrollstatioune sinn onzoumuttbar an déi finanziell Belaaschtung fir de Proprietaire klëmmt ëmmer méi (deslescht vun 22 op 27 Euro). Déi nei Regelung, déi haaptsächlech d’Ëffnungszäite betrëfft, geet bei wäitem net duer a bréngt zousätzlech Käschte mat sech, well jee no Auerzäit 10 Euro fir e Rendez-vous verlaangt ginn. Duerch d’Iwwerpréiwe vun den elektronesche Sécherheetssystemer kënnt dann och en neit Element dobäi, wat de Prozess nach méi zäitopwänneg mécht.
An deem Kontext erënnert d’ADR un d’EU-Direktiv 2009/40/CE, an där ënnert anerem steet: „Les contrôles à effectuer durant le cycle d’utilisation d’un véhicule devraient être relativement simples, rapides et peu coûteux“.

Ganz konkret ginn dës Ännerunge virgeschloen:

  • Bei den neie Gefierer gëtt d’Kontroll vum Garagist iwwerholl, deen och duerfir haftbar ass.
  • Wiesselt de Proprietaire, da leeft déi al Kontrollkaart weider, virausgesat den neie Proprietaire ass domadder averstanen
  • Déi éischt Kontroll vum neien Auto fënnt eréischt no 4 Joer statt, déi zweet zwee Joer méi spéit. Duerno fënnt d’Kontroll all Joer statt.
  • Déi gebraucht Autoen, déi aus dem EU-Raum importéiert ginn, mussen nëmme kontrolléiert ginn, wann hiren „État de contrôle“ dat laut Lëtzebuerger Reglementatioun verlaangt.

Um Niveau vun den Operateure fuerdert d’ADR, datt d’Garagen d’Geleeënheet kréie fir Kontrollen duerchzeféieren. Dës Méiglechkeet ass ausdrécklech an der EU-Direktiv virgesinn, mat ënnert anerem der Konditioun, datt de Staat dat Ganzt iwwerwaacht. D’Garagë sinn elo schonns gutt equipéiert a kéinten also dës nei Tâche iwwerhuelen. Trotzdem gëtt dat wéinst ze héijen Ufuerderungen net gemaach.

Der ADR geet et net drëms, datt Techniker vun der Kontrollstatioun déi Kontrollen an de Garagë maachen, wéi dat elo bei verschidde Camionen de Fall ass; si géingen awer d’Seriositéit vun dësen externen Operateuren iwwerpréiwen. Am Fall vu Verstéiss kéint den Agreement entzunn an héich Strofen operluecht ginn.

D’Propositioune vun der ADR si mat villen Avantagë verbonnen: manner Déplacementer, Reparatur op der Plaz a manner Waardezäiten. D’Entlaaschtung vun de Kontrollstatioune géing méi Sputt fir déi Autoen, déi zousätzlech kommen, schafen an allen Automobilisten entgéintkommen.

ADR Pressekonferenz zu de Kontrollstatiounen (14min)

ADR Stellung zur Kontrollstatioun (Kuerzfaassung, 4min)