D’Klouschter Cinqfontaines an Ërënnerung halen

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt am Zesummenhang mam Klouschter vu Cinqfontaines. Do waren am Zweete Weltkrich d’Lëtzebuerger Judden internéiert ier se vun der Nazi-Verwaltung op Auschwitz oder Theresienstadt deportéiert gi sinn. No laanscht ass de Fluchthelferwee Ëlwen, eng Initiative vum Naturpark Our, déi sech jo och mat der Geschicht vum Zweete Weltkrich beschäftegt. Op de Schëlder vun deem Wee ass awer d’Klouschter a seng traureg Roll am Krich net ernimmt. An doriwwer geet d’Fro vum Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: