D’Joëlle Giannotte, Presidentin vun der ADRenalin, ass de 15. Dezember als Vize-Presidentin vun der Daachorganisatioun European Young Conservatives (EYC) zréckgewielt ginn. Um Kongress, deen zu Prag stattfonnt huet, sinn eng Jugendorganisatioun aus Italien an eng aus Wäissrussland als Member ugeholl ginn.

Den 20. Mee 2012 ass d’Joëlle Giannotte zu Warschau fir d’éischt zur Vize-Presidentin vun der EYC gewielt ginn. Um Kongress, deen deslescht an der tschechescher Haaptstad organiséiert gouf, ass déi jonk Politikerin op dësem Poste bestätegt ginn.

Virum Kongress haten d’Vertrieder vun de verschiddene Jugendorganisatiounen d’Geleeënheet fir iwwert Immigratioun an iwwert d’Zukunft vun der Europäescher Unioun ze diskutéieren. Ugeschwat gouf awer och déi aktuell politesch Situatioun an deene verschiddene Länner.

Nieft der Wiel vun engem neie Comité huet d’EYC zwou nei Jugendorganisatiounen als Member ugeholl, déi eng aus Italien an déi aner aus Wäissrussland.

D’ADRenalin war duerch d’Liliana Miranda, Attachée parlementaire, vertrueden.

D’EYC ass e Gruppement vu konservativen a klassesch liberale Jugendorganisatiounen. Si steet der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR) no, an där d’ADR Member ass.