Diskriminatioun beim Contact Tracing

A leschter Zäit heefe sech d’Reklamatioune vu Pappen oder Mammen, déi – obschonns se no hirer Scheedung oder no hirer Trennung vun hirem Partner hir voll elterlech Autoritéit behalen hunn a sech oft zu 50 Prozent ëm dat gemeinsaamt Kand këmmeren – net un der Covid-19-Contact-Tracing-Informatiounsprozedur bedeelegt ginn, well se am Ausland wunnen. Dësen Ëmstand féiert nämlech dozou, datt – am Fall, wou d’Kand sech mat Covid-19 infizéiert – just deen Elterendeel vun der Direction de la Santé informéiert gëtt, deen zu Lëtzebuerg wunnt. Op Nofro kritt deen an Onkenntnes geloossenen Elterendeel vun der Direction de la Santé da gesot, datt an esou Fäll just eng Tëlëfonsnummer an eng E-Mail-Adress am Dossier mentionéiert kéinte ginn. Bei Koppelen, vun deenen eng Persoun am Ausland wunnt, sinn dat ëmmer d’Tëlëfonsnummer an d’E-Mail-Adress vun där Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt. Ass dat net eng Form vun Diskriminatioun?

Deel dëse Post: