Uni.lu Direkter brauch kee Lëtzebuergesch a keen Däitsch!

D’Uni Lëtzebuerg sicht en neien Rekteur. Lëtzebuergesch an däitsch Sproochekenntnesser si fir dee Posten net méi noutwenneg. Dëst obwuel am règlement intérieur vun der Uni steet: « Les langues de l’Université sont : le français, l’anglais et l’allemand ». Fir den ADR-Deputéierte Roy Reding ass dës sproochlech Diskriminatioun inakzeptabel an hie stellt an deem Kontext eng Rei pertinent Froen un d’Regierung. D’Äntwert ass éischter evasive. Et geet in dermatt, datt de Rekteur Rolf Tarrach souwuel Däitsch a Franséisch wéi Englesch a Spuenesch konnt, also net just eng vun eisen Amtssproochen. Datt de Rekteur muss franséisch kënnen, argumentéiert de Minister mat de Gesetzes- a Reglementstexter, déi op franséisch sinn. En däitsche Rekteurskandidat misst also franséisch kënnen, e fransésiche Kandidat bräicht awer net däitsch ze kënnen, léisst sech d’Äntwert vum zoustännege Minister zesummefaassen.

Deel dëse Post: